E Wandblech ass en Zousazdeel un enger Damplokomotiv.

Wagner-Wandblecher un der Schnellzuchdamplokomotiv 01 118 vun 1934, riets um Bild ass d'Fixatioun däitlech ze gesinn

Wandblecher un den Damplokomontive si geduecht, fir de Wand sou ze dirigéieren, datt e laanscht déi viischt Fënstere vum Führerstand bléist, an dem Lokomotivführer d'Vue net ewech hëlt.

Dowéinst ginn d'Wandblecher béidsäiteg vum Schaarstech laanscht de Laangkessel placéiert. Besonnesch bei méi grousse Vitesse spillt de Wandblech eng grouss Roll, well d'Lokomotivpersonal bei iwwer 80 Kilometer an der Stonn, duerch den Damp d'Streck ouni Wandblecher net méi iwwerblécke kann.