De Walter Jackson Ong, gebuer den 30. November 1912 zu Kansas City, Missouri a gestuerwen den 12. August 2003 zu St. Louis, Missouri, war en amerikanesche Geeschtlechen (Jesuitt), Literaturwëssenschaftler a Medientheoretiker.

Walter Jackson Ong
Gebuer 30. November 1912
Kansas City
Gestuerwen 12. August 2003
St. Louis
Nationalitéit USA
Educatioun Harvard Universitéit
Aktivitéit Anthropolog, Historiker, Schrëftsteller, Universitéitsprofesser, kathoulesche Priister, Literaturkritiker, Journalist, Philosoph
Member vun American Academy of Arts and Sciences

Wierk änneren

Dem Ong säi medientheoretescht Haaptwierk ass "Oralitéit a Literalitéit: d'Technologiséierung vum Wuert" vun 1982, wou en déi zentral Thees vertrëtt, datt d'Erfindung vun der Schrëft dem Mënsch net nëmmen en technescht Hëllefsmëttel geliwwert huet, mä déi mënschlech Denkweisen an déi domat verbonne kulturell a gesellschaftlech Muster substantiell an nohalteg ëmstrukturéiert huet.

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • 1982: Orality and literacy: The technologizing of the word. New York (engleschsproocheg Rezensioun)
  • 1958: Ramus, method and the decay of dialogue: From the art of discourse to the art of reason. Cambridge
  • 1957: Frontiers in American catholicism. New York

Literatur änneren

  • W. Raible: Orality and Literacy. An: H. Günther und O. Ludwig (Editeuren): Schrift und Schriftlichkeit: Ein interdisziplinäres Handbuch internationaler Forschung. Berlin 1994

Um Spaweck änneren