Dës Säit beschäftegt sech mat der New Yorker Wall Street. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Wall Street (Homonymie).

D'Wall Street ("(Stad-)Mauer-Strooss") ass eng ronn 600 m laang Strooss zu Manhattan, New York City. Si ass den Zentrum vum New Yorker Financial District an do steet och déi New-Yorker Bourse, den New York Stock Exchange. Net zulescht dowéinst gëtt si metonymesch fir déi amerikanesch Finanzindustrie gebraucht.

Den New York Stock Exchange (2011).

D'Strooss huet hiren Numm dohier, datt si op der Plaz vun der fréierer Stadmauer ugeluecht gouf, déi de Petrus Stuyvesant 1652 am deemolegen Nieuw Amsterdam baue gelooss hat, fir et géint Iwwerfäll duerch Indianer ze schützen.[1]

Nieft der Bourse steet an der Wall Street, op hirem Wupp, déi bekannten Trinity Church, an och d' Federal Hall, an där deen éischten amerikanesche Kongress zesummekoum an do d' Bill of Rights ugeholl hat.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Wall Street – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. DIE ZEIT No. 45, 2011, DOSSIER, Die Straße der Tyrannen, S. 17, 2. Spalte