Wale fir d'Europäescht Parlament 1999 (Lëtzebuerg)

Bei de Wale fir d'Europäescht Parlament 1999 goufen déi sechs Deputéiert gewielt, déi Lëtzebuerg am Europäesche Parlament fir d'Sëtzungsperiod 1999-2004 vertrueden hunn.

Si goufen den 13. Juni 1999 ofgehalen, als Deel vun den allgemenge Wale fir d'Europäescht Parlament 1999, an zäitgläich mat de Wale fir d'Chamber.

Par Rapport zu de Wale vun 1994 ass d'Sëtzverdeelung onverännert bliwwen.

Resultat änneren

Fir d'Wale waren 228.712 Wieler ageschriwwen, dovun hunn der 199.579 (87,27%) gewielt an et goufen 1.015.441 gëlteg Stëmmen.[1],[2]

Partei % Sëtz
CSV
(Chrëschtlech Sozial Vollekspartei)
31,65 2
LSAP
(Lëtzebuergesch Sozialistesch Aarbechterpartei)
23,58 2
DP
(Demokratesch Partei)
20,45 1
Déi Gréng 10,73 1
ADR
(Aktiounskomitee fir Demokratie an Rentengerechtigkeet)
8,98 0
GaL
(Gréng a liberal Allianz)
1,83 0
Déi Lénk 2,78 0
Total 100 6

Deputéiert änneren

A Gréngschrëft stinn déi Deputéiert déi no der Validatioun an der Chamber genannt goufe fir Lëtzebuerg am Europaparlament ze vertrieden[3]

Partei Numm Stemmen
CSV Jean-Claude Juncker 29 700 Premierminister; Staatsminister; Finanzminister vun der Regierung Juncker-Polfer
EVP Jacques Santer 26 596
Luc Frieden 15 127 Justizminister; Budgetsminister
Viviane Reding 14 646 Member vun der Europäescher Kommissioun.
EVP Astrid Lulling 13 767 nogeréckelt
LSAP Alex Bodry 14 181 verzicht
SPE Robert Goebbels 12 247
SPE Jacques Poos 10 782 nogeréckelt
DP Charles Goerens 19 372 Minister fir Kooperatioun an humanitär Hëllef; Verdeedegungsminister; Ëmweltminister
Lydie Polfer 18 455 Ausseminister vu Lëtzebuerg
ALDE Colette Flesch 9 518 nogeréckelt
Déi Gréng Camille Gira 10 023 verzicht
François Bausch 6 004 verzicht
Renée Wagener 4 264 verzicht
Jean Huss 4 104 verzicht
Robert Garcia 3 824 verzicht
Adri van Westerop 2 526 verzicht
EGP Claude Turmes 2 124 nogeréckelt

Kuckt och änneren

Literatur änneren

  1. Service Information et Presse
  2. Resultater vun de Walen
  3. Comptes rendus des séances publiques de la Chambre(Sëtzung vum 13. Juli 1999 S 15-17)