Eng Wäschklamer oder einfach Klamer oder Klam ass e klengt Geschier fir Wäsch op enger Wäschléngt festzepëtzen.

eng modern Wäschklamer aus Holz
Wäschklameren aus Plastik

Klamere bestinn hautdesdaags gewéinlech aus zwéi gläichgrousse längelzegen Deeler, aus Plastik oder Holz, déi an der Mëtt duerch eng Fieder zesummegehale ginn. D'Fieder ass gläichzäiteg d'Gelenk. Wann een déi zwee iewescht Enner zesummendréckt, ginn déi ënnescht auserneen. Léisst ee se lass, pëtzt d'Fieder se nees zesummen.

Fréier waren d'Klameren aus engem Stéckelchen Holz mat enger Spléck dran, dat een op d'Lénkt mat der Wäsch gestach huet.

Um Spaweck änneren

Commons: Wäschklamer – Biller, Videoen oder Audiodateien