Wäicherdang
Wäicherdang ass eng Uertschaft an der Gemeng Klierf.
Wäicherdang | |
---|---|
D'Tony Bourg Strooss zu Wäicherdang (CR327) (2014) | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Weicherdange de: Weicherdingen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Klierf |
Gemeng | Klierf |
Buergermeeschter | Georges Keipes |
Awunner | 254 |
1. Januar 2021; 1. Januar 2022; 1. Januar 2023 | |
Fläch | 746,75 ha |
Héicht | 493 m |
Koordinaten |
50° 02’ 17’’ N 05° 59’ 15’’ O |
Geschicht änneren
Wäicherdang war bis de Summer 1823 eng eegestänneg Gemeng. Si gouf dunn opgeléist, an hir Dierfer, mat Ausnam vun Draufelt, koume bei d'Gemeng Klierf. Draufelt gouf un d'Gemeng Munzen ugehaangen. Enn 2011 huet déi mat der Gemeng Klierf fusionéiert.
Kuckeswäertes änneren
D'Kierch vu Wäicherdang ass eng vun deene rare Kierchen zu Lëtzebuerg, déi een Ënnentuerm hunn; se steet mam Kierfecht zanter 1963 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter.[1]
Nei Stroossennimm änneren
Den 1. Juni 2017 sinn an der Uertschaft Wäicherdang dës Stroossennimm agefouert ginn:
- Tony Bourg Strooss
- Jean Pierre Zanen Strooss
- Colonel Damien Bourg Wee
- Ernest Krier Wee
- Op der Bouch
- Ënnert der Lann
- Hl. Vinzenz Gaass
- An der Gässelchen
- Brill Wee
- Bei der Kapell
Biller änneren
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Wäicherdang – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen änneren
- ↑ L'Église et le cimetière de Weicherdange, inscrits au cadastre de la commune de Clervaux, section C de Weicherdange, sous les numéros 434/1976 et 435.-Arrêté ministériel du 27 mai 1963.