Vuvuzela

Blosinstrument

Eng Vuvuzela ass e Blosinstrument dat zanter uganks 2000 virun allem a Südafrika bei Foussballmatcher populär ass an duerch d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2010, déi a Südafrika gespillt gouf, och soss doruechter an der Welt bekannt gouf.

Eng Vuvuzela
E Vuvuzelabléiser

D'Instrument ass eng einfach Troter, mat engem Mondstéck fir dran ze blosen, engem Schlauch vu ronn siwwenzeg Zentimeter an engem Triichter um aneren Enn. Vuvuzelae si meeschtens aus Plastik, kënnen awer och aus Holz oder Metall sinn. Den Toun, dee se produzéieren, ka ronn 120 Dezibel erreechen, soudatt hiren Asaz no beim Ouer, oder a grousse Quantitéiten, geféierlech fir d'Gehéier ka sinn.

Um Spaweck änneren

Commons: Vuvuzelaen – Biller, Videoen oder Audiodateien