D'Vullegripp, och Aviär Influenza genannt, ass eng duerch Viren ervirgeruffen Déierekränkt, déi Hénger, Schnuddelhénger, Gänsen, Schwanen, Inten, wëll Waasservullen an aner Vulle befale kann. Bei enger Infektioun mat den aggressiivste Variante vun deene Vire féiert si meeschtens zum Doud vun den infizéierte Vullen, ausser wann déi Vullen, déi ugestach goufen, zu de Reservoirwiert vun den Erreeger gehéieren. E puer Variante vun de Vullegrippviren, besonnesch d'Variant A/H5N1, sinn an Eenzelfäll och op Mënschen an Zoo­déiere wéi Leoparden iwwerdroe ginn.

D'Vullegripp gouf fir d'éischt 1878 an Italie festgestallt. No widderhuelten Ausbréch an den 1930er Joren an Europa, Amerika an Asien daucht de Virus eréischt 1983 op en Neits op; an Irland an den USA goufen deemools Millioune Vigel doutgemaach. Weider Ausbréch gouf et 1992 a Mexiko an 1997 zu Hongkong.

2005 an 2006 ass se nees um Virmarsch, am Ufank laang Zäit just op Asien beschränkt, mä duerno och an Europa an an Afrika.

Den 8. Januar 2014 gouf bekannt datt a Kanada den 3. Januar 2014 eng Persoun déi vu Peking zeréckkoum infizéiert war an um Vullegrippevirus H5N1 gestuerwen ass. Et ass den éischte Stierffal bei enger H5N1-Infektioun um nordamerikanesche Kontinent dee bis elo bekannt ass.[1]

Um Spaweck änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Avian influenza – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. First Human Avian Influenza A (H5N1) Virus Infection Reported in Americas