Voulpaix
Land Frankräich
Regioun Hauts-de-France
Departement Aisne
Arrondissement Vervins
Kanton Marle
Postcode 02140
Gemengecode 02826
Koordinaten 49° 50’ 24’’ N
      03° 49’ 53’’ O
Fläch  1 155 ha
Bevëlkerung  389 (2006)

Voulpaix ass eng Gemeng am franséischen Departement Aisne an der Regioun Hauts-de-France, an an der natierlecher Géigend Thiérache.

Kierch vu Voulpaix

D'Uertschaft vedeelt sech op 2 Häng riets a lénks vun der Baach Le Beaurepaire, an duerch d'Uerschaft féiert d'Deparmentale D 960.

D'Nopeschgemenge si Laigny, Fontaine-lès-Vervins, Saint-Pierre-lès-Franqueville, Lemé a La Vallée-au-Blé.

Geschicht änneren

Am Mëttelalter bis 1438 hat Voulpaix eng eegen Herrschaft. Duerno gouf et bis zur franséischer Revolutioun Besëtz vun den Häre vu Vervins.

Bei der Revolutioun gouf Voulpaix zesumme mat dem Weiler La Vallé aux Bleds eng Gemeng. De 15. Juli 1829 gouf déi Uertschaft eng eegestänneg Gemeng a krut 1961 den Numm La Vallée-au-Blé.

Häre vu Voulpaix änneren

  • Guy I. vu Voulpaix (?-?): ?-1120?
  • Clarembaud vu Voulpaix, (säin 1. Bouf) 1120-1144?
  • Mathieu I. vu Voulpaix, (säin 2. Bouf) 1144-1169
  • Guy II vu Voulpaix, (Bouf vum Mathieu I) 1180-?
  • Mathieu II vu Voulpaix, 1236-1274?
  • Gérard vun Neufmenil, 1324-1353?
  • Jean I vu Beaurepaire, 1353-1363
  • Jean II vu Beaurepaire, 13,.?
  • Bicher le Bosseux, 1438.

Kuckeswäertes änneren

  • D'Reschter vum Schlass dat 1838 zerstéiert gouf.
  • D'romanesch Kierch, déi eng befestegt Kierch ass, wéi et der en ettlech an der Thiérache gëtt. De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Quentin, vun deem eng Reliquie an der Kierch ass.

Kuckt och änneren