Vlissingen

hollännesch Stad a Gemeng

Vlissingen ass eng Stad a Gemeng am Südweste vun Holland, op der fréierer Insel Walcheren. D'Gemeng huet ronn 45.000 Awunner, d'Stad ronn 34.000 Awunner (2023). Aner Uertschafte sinn Oost-Souburg (ronn 10.000 Awunner), West-Souburg (ronn 2.100 Awunner) a Ritthem (ronn 530 Awunner).

Vlissingen
Land Holland
Awunner 44.358 (1. Januar 2021)
Fläch 345 km²
Koordinaten 51°27'N, 3°35'O
Telefonszon 0118
Postcode 4380–4389
Websäit https://www.vlissingen.nl/


D'Plage vu Vlissingen

Geschicht änneren

Strategesch gënschteg un der Scheldemëndung an d'Nordmier geleeën, war Vlissingen joerhonnertelaang e wichtegen Hafen. Et gouf 620 als klengt Fëscherdierfche gegrënnt a krut 1315 d'Stadrechter iwwerdroen. Am 17. Joerhonnert war Vlissingen den Haapthafe vun de Schëffer vun der Hollännescher Ostindien-Gesellschaft a stoung domat am Mëttelpunkt vum Sklavenhadel.

Déi strateegesch wichteg Lag huet mat sech bruecht, dat et ëmmer nees emkämft a belagert gouf. Fir d'lescht am Zweete Weltkrich, wéi déi Alliéiert am September 1944 déi däitsch Truppen duerch Flächebombardementer vun der Scheldemëndung verdriwwen haten, war vu Vlissingen net méi vill stoe bliwwen.

Vlissingen ass haut haaptsächlech dofir bekannt, datt do déi meescht Schëffer vun der Kinneklecher Marinn (Koninklijke Marine) gebaut ginn. Et ass deen drëttgréissten Hafe vun Holland a gläichzäiteg eng beléift Touistendestinatioun.

Den Numm vun der Stad änneren

D'Etymologie vu Vlissingen ass net geséchert; am plausibelsten ass, datt et eppes mat Fläschen (vlessen) ze dinn hätt. Dozou gëtt et e puer Legenden. Eng dovun erzielt, datt den Hellege Willibrord do gelant wier. Hien hätt eng Fläsch matgehat, där hiren Inhalt e mat Heescheleit gedeelt hätt, iwwerdeems e probéiert hätt, se zum Glawen ze konvertéieren. Säi Geschwätz hätt net vill Androck gemaach, wouropshin hien hinnen d'Fläsch ginn hätt: Déi wier, wéi e Wonner, nach ëmmer voll gewiescht, obwuel s'all draus gedronk haten. Doropshi wier d'Uertschaft Flessinge genannt ginn.

Um Spaweck änneren

Commons: Vlissingen – Biller, Videoen oder Audiodateien