Visual Kei

Musical note nicu bucule 01.svg Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jugendlecher zu Tokio beim "Cosplay"

Visual Kei ass eng Musekrichtung aus Japan déi mam J-Rock Famill ass an ëmmer méi Adepten an Europa fënnt. Den Numm setzt sech zesummen aus dem englesche Wuert Visual (Optesch) an dem Japaneschen kei 系. De Musekgenre kann ee schwéier klassifizéiren. Et geet vu Rock iwwer Gothik bis hin zum Metal. D'Unhänger bezeechne sech als Visus, a probéieren dacks de Stil vun hire Virbiller ze kopéieren.

Datt déi Richtung ëmmer méi populär gëtt ass z. B. doduerch beluecht, datt Dir en Grey um Rock am Ring, engem grousse Festival um Nürburgring an der Äifel an Däitschland ageluede waren.

Charakteristesches

Visual Kei Museker si meeschtens männlech. Si kleede sech awer betount weiblech a schminke sech staark. Een deen net Bescheed wees, ka se liicht mat Frae verwiesselen. Hire Kleederstil geet vu Lack a Lieder bis hin zum Kimono.

↑En Abschnitt zrécksprangen

Originnen

Als Grënner oder villméi Virgänger vum Visual Kei gëllt déi japanesch Band X Japan, déi an den 80er mat grellen Outfits a melancholeschen Texter opgefall ass, a Virbild vir vill Jugendlecher war.

↑En Abschnitt zrécksprangen

Wichteg Gruppen

  • Dir en grey,
  • MUCC,
  • Moi dix Mois,
  • D'espairs Ray,
  • X Japan,
  • Luna Sea,
  • Kagerou ,
  • Calmando Qual ,
  • Phantasmagoria ,
  • Malice Mizer ,
  • Deathgaze ,
  • The Gazette ,
  • Deadman ,
  • Vidoll ,
  • 12012 ,
  • D ,
  • Gilgamesh ,
  • Danger Gang ,
  • Aushvitz ,
  • L'arc~en~ciel ,
  • Hagakure.
↑En Abschnitt zrécksprangen

Um Spaweck

Commons: Visual kei – Biller, Videoen oder Audiodateien
↑En Abschnitt zrécksprangen
Zuletzt geändert am 19. Mäerz 2013 um 17:16