Visé (op Wallounesch.: Vizé; op Hollännesch: Wezet) ass eng Stad an der Belsch, déi a Wallounien, an der Provënz Léck, op der Meuse an um Albertkanal läit.

Visé
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Léck
Awunner 17.767 (1. Januar 2018)
Fläch 2.799
Koordinaten 50° 32’ 54.70’’ N
      05° 19’ 03.03’’ O
Telefonszon 04
Postcode 4600
Websäit http://www.vise.be

Geschicht änneren

Visé war eng vun den 23 Bonnes villes vum Fürstentum Léck. Et gëtt nach dräi Waffegilden, deenen hir Urspréng op d'Mëttelalter zeréckginn: Les Anciens Arbalétriers (zanter 1310, Les Anciens Arquebusiers a Les Francs-Arquebusiers, (zanter 1579.

De 16. August 1914 hunn d'52. an d'75. Reserve-Infanterie vun der däitscher Arméi bei der Invasioun 23 Zivilisten erschoss a 600 Haiser futtigemaach.

1977 goufen dës Gemenge mat Visé zesummegeluecht: Argenteau, Cheratte, Lanaye, Lixhe a Richelle. Aus der fréierer Gemeng Bombaye koum d'Uertschaft Mons mat derbäi.

Visé am Sport änneren

2012 ass Visé eng Etappestad vum Tour de France mam Depart vun der Etapp Visé-Tournai.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Visé – Biller, Videoen oder Audiodateien