De Virgo-Superkoup oder och Lokale Superkoup ass e Galaxiësuperkoup an huet ënner anerem déi Lokal Grupp, zu där och eis Galaxis, d'Mëllechstrooss gehéiert. En huet d'Form vun enger ofgeflaachter Scheif mat engem Duerchmiesser vun ongeféier 200 Millioune Liichtjoer an huet ronn 100 bis 200 Galaxiëkéip. De Virgo-Superkoup ass nom Virgo-Galaxiëkoup, deen de gravitativen Zentrum vum Superkoup ass, genannt. D'Lokal Grupp distanzéiert sech mat ongeféier 1000 km/s vum Virgo-Galaxiëkoup. Duerch en Ofstand vum Virgo-Galaxikoups vu 65 Mio. Liichtjoer ass d'Vitess manner grouss, wéi si nom Hubble-Gesetz z'erwaarde wier. Relativ zu der allgemenger Expansioun vum Universum beweege mir eis dofir a Richtung vum Virgo-Koup. Dee Phenomeen huet den engleschen Numm Virgo Infall.

De Virgo-Galaxiëkoup

Opgrond vun Observatioune vun dësem Effet, deen d'Gravitatioun op d'Beweegung vun de Galaxien huet, gëtt déi total Mass vum Virgo-Superkoup op ongeféier 1015 Sonnemassen (ongeféier 2 × 1045 kg) geschat. Well seng Liichtkraaft fir déi Zuel vu Stären ze niddreg ass, gëtt ugeholl, datt e Groussdeel vu senger Mass aus donkeler Matière besteet.

Hierarchesch Struktur vum Virgo-Superkoup

Galaxiëkéip a Stärekéip am Virgo-Superkoup änneren

Numm Distanz vun der
Lokaler Grupp
(a Mio. Liichtjoere)
Lokal Grupp
Maffei-Grupp 6–12
Sculptor-Grupp 10
M81-Grupp 10–11
M83-Grupp (och NGC-5128-Grupp) 12–17
Canes-Venatici-I-Grupp (och M94-Grupp) 13–18 (M94)
NGC-4631-Grupp 25
Leo-I-Grupp 35 (M96)
Dorado-Grupp 48–60 (NGC 1553 / NGC 1566)
Fornax-Galaxiëkoup 60
Virgo-Galaxiëkoup 65
Leo-II-Grupp 70 (NGC 3607)
Ursa-Major-Grupp (och Ursagrupp) 75
Virgo-III-Grupp 65–82 (NGC 5569 / NGC 5713)
Eridanus-Galaxiëkoup 69–100 (NGC 1300 / NGC 1232)

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie