De Vincenzo Cerulli ass gebuer den 20. Abrëll 1859 zu Terano a gestuerwen den 30. Mee 1927 zu Merate. Hie war en italieeneschen Astronom.

Vincenzo Cerulli
Gebuer 20. Abrëll 1859
Teramo
Gestuerwen 30. Mee 1927
Nationalitéit Kinnekräich Italien
Educatioun Universitéit La Sapienza
Aktivitéit Astronom
Member vun Accademia Nazionale delle Scienze, Accademia delle Scienze di Torino

Den Cerulli hat zu Teramo e Privatobservatoire, wou hien am Joer 1910 den Asteroid (704) Interamnia entdeckt huet. Den Duerchmiesser vun dësem Asteroid ass 317 km, an domat ee vun deene gréissten an der Asteroidenceinture.

Den Cerulli huet och de Planéit Mars observéiert, a koum zum Schluss, datt déi vu villen Astronomen observéiert Marskanäl net real sinn, mä op eng optesch Täuschung zeréckzeféiere wieren. Dëst sollt sech spéider dann och als richteg erausstellen.

Zesumme mat der Elia Millosevich huet hien e Stärekatalog opgestallt.

Zu dem Cerulli sengen Éiere gouf um Mars e Krater no him benannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren