Victor de Tornaco

lëtzebuergesche Politiker an Premierminister

De Baron Marie-Victor de Tornaco, gebuer de 7. Juli 1805 um Schlass vu Sterpenech, a gestuerwen de 26. September 1875 um Schlass vu Voort (Belsch Provënz Limburg), war e lëtzebuergesche Politiker an dee véierte Premierminister vu Lëtzebuerg.

Victor de Tornaco
Gebuertsnumm Marie Victor de Tornaco
Gebuer 5. Juli 1805
Sterpenech
Gestuerwen 26. September 1875
Voort
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun École polytechnique
Aktivitéit Diplomat, Politiker, Staatsmann
Partei keng
Famill
Bestuet mat Anne Marie Louise de Beghein
Papp Charles Auguste de Tornaco
Kanner Arnould de Tornaco, Charles de Tornaco

Dem Victor de Tornaco seng Eltere waren de Charles Auguste de Tornaco an d'Elisabeth de Berlo-Suys (1775-1856). Hien huet zu Paräis op der École polytechnique säi Studium gemaach. An de Joren no der Belscher Revolutioun vun 1830 huet hien zum Wëllem I., Kinnek vun Holland a Groussherzog vu Lëtzebuerg, gehalen. Vun 1841 bis 1848 war hie Member vun der Assemblée des États, vun 1848 bis 1856 vun der Chamber, a vun 1857 bis 1860 vun der nees agefouerter Assemblée des États.

De 26. September 1860 gouf hien, nom Récktrëtt vum Charles-Mathias Simons, Staatsminister, Regierungspresident a Generaldirekter (d. h. Minister) fir Aussebezéiungen a bis 1864 och fir den ëffentlechen Transport.

Den 3. Dezember 1867 koum et zu engem majoritäre Vote géint d'Regierung de Tornaco, där d'Oppositioun virgeworf hat, bei de Verhandlungen vum Traité vu London eng ze vill passiv Haltung ageholl ze hunn. Den Emmanuel Servais gouf als säin Nofollger bestëmmt. Den de Tornaco war dunn, vum 3. Dezember 1867 bis den 20. Juni 1872 Member vum Staatsrot.

De Victor de Tornaco huet am Suessemer Schlass gewunnt, dat vu 1753 bis 1950 am Besëtz vu senger Famill war. Hien ass 1875 an der Belsch gestuerwen, a gouf zu Suessem am Familljecaveau bäigesat.

Plaz Tornaco änneren

De 7. Mee 1967 gouf him zu Éieren zu Suessem d'Plaz Tornaco ageweit.[1][2][3][4] Um Gedenksteen steet: "DEM ENNERZÉCHNER VUM LONDONER VERTRAG 1867 BARON VICTOR DE TORNACO ZUM UNDENKEN -- CENTENARFEIER 6.8.1939" Op der lénker Säit vum Gedenksteen steet: "MIR WELLE BLEIWE WAT MIR SIN." Op der rietser Säit steet: "LETZEBURG DE LETZEBURGER"

Zu Suessem ass och d'Rue Baron de Tornaco no him benannt an et gëtt eng Cité Tornaco mat enger Spillplaz. Doniewent gëtt et eng Rue du Traité de Londres an eng Rue Emmanuel Servais.

Literatur änneren

  • Gilbert Trausch, 1993. Le Luxembourg vendu à l'encan? Historia 563: 76-82. (Déi international Kris déi 1867 ënner der Regierung de Tornaco zum Londoner Vertrag gefouert huet).[1]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Victor de Tornaco – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Einweihung des Platzes „Victor de Tornaco” im Rahmen der Jahrhundertfeiern unserer Unabhängigkeit und Neutralität. Luxemburger Wort (6.5.1967). Gekuckt de(n) 6.3.2024.
  2. Jubiläumsfeierlichkeiten in Sassenheim Einweihung der „Place Victor de Tornaco" Festrede von Staatsminister Pierre Werner. Luxemburger Wort (10.5.1967). Gekuckt de(n) 6.3.2024.
  3. Mike Stebens, 85 Jahre altes Denkmal, Als halb Sassenheim zur Einweihung eines tristen Platzes kam. wort.lu[€], Luxemburger Wort, S. 10-11 (4.3.2024). Gekuckt de(n) 6.3.2024.
  4. Koordinaten: 49° 32’ 49.1’’ N
          5° 55’ 33.3’’ O