De Victor Klees, gebuer den 18. Oktober 1907 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen de 15. Abrëll 1995, war e lëtzebuergesche Schwëmmer, Olympionik[1] a Foussballspiller, dee bei der Spora ënner Vertrag stoung.[2]

Victor Klees
Gebuer 18. Oktober 1907
Lëtzebuerg
Gestuerwen 15. Abrëll 1995
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Waasserballspiller, Foussballspiller

Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1928 zu Amsterdam am Waasserball vertrueden.[3]

Hien huet de 25. Januar an den 1. Mäerz 1931 fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[4]

De Victor Klees hat en zimmlech kräftege Schoss: 1930 an der Finall vun der Coupe des 3 Nations géint den FC Mannheim, huet hien e Fräistouss aus 60 Meter Entfernung verwandelt.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. De Victor Klees op der Websäit vu sports-reference.com
  2. De Victor Klees op der Websäit Weltfussball.de
  3. De Victor Klees op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'
  4. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Victor Klees op der Websäit european football