De Viaduc vu Piedmont ass eng ronn 620 Meter laang Stroossebréck vun der RN 52 bei Lonkech. Et ass eng Dunnebréck a Cantileverbauweis.

De Viaduc vu Piedmont aus gesinn

D'RN 52 féiert do aus dem Dall bei Éibeng tëscht den Uertschaften Mont-Saint-Martin a Piedmont erop op d'Kopp vun Uewerlonkech an huet eng Pente vu plazeweis 10%, wat a Spëtzenzäiten dacks zu Ralentissementer féiert.