Vernierdüsen oder Vernierdreifwierker hëllefe bei der Schubvektorsteierung vu Rakéiten. Dat bedeit, datt mat hinnen d'Fluchrichtung vun enger Rakéit beaflosst ka ginn. Si sinn nom Mathematiker Pierre Vernier (15801637) genannt, deen d'Vernier-Skala (Nonius) erfonnt hat, mat där d'Längten an d'Wénkele ganz genee ofgelies kënne ginn.

E 1960er Mercury-Atlas Vernier Motor

Opbau a Funktiounsweis änneren

Vernierdüse si selwer Rakéitendreifwierker, déi an enger oder an zwou Achse geschwenkt kënne ginn. Si ginn am Géigesaz zu den Haaptdreifwierker nëmmen dann gezünt, wann eng Bunnännerung vun der Rakéit néideg ass. Dëst miniméiert den Opwand fir d'Killung. Fir d'Zündung vun den Dreifwierker einfach an domat zouverlässeg ze halen, gi meeschtens hypergol Dreifstoffer gebraucht. Déi entzünde sech beim Zesummebrénge vum Oxidator mam Dreifstoff an der Brennkummer selbstänneg; eng separat Zündvirrichtung, déi eventuell versoe kéint, fält ewech.

Gebrauch änneren

 
Dreifwierker vun der éischter an zweeter Sojus-FG-Rakéitestuf

An de meeschte moderne Rakéiten (Ariane, Delta, Atlas) gi keng Vernierdüse méi gebraucht. An eelere Rakéitentyppe wéi zum Beispill der Sojus gi si historesch bedéngt weider agesat. Am Bild riets sinn déi 20 gréisst Düse vun der Sojus-Rakéit ze gesinn. An de baussenzege Stufe si jee zwou Vernierdüsen installéiert, an der zentraler Stuf sinn déi véier Haaptdreifwierker vu véier Vernierdüsen ëmginn.

D'Space Shuttle hat Vernierdreifwierker am Reaction Control System fir d'Lagereegelung an der Äerdëmlafbunn gebraucht.

Virdeeler an Nodeeler änneren

Vernierdüse goufen haaptsächlech an der Ufankszäit vun der Rakéitentechnik gebraucht. Grond war déi Onausgeräiftheet vun den hydraulesche Servoen, déi haaptsächlech fir d'Schubvektorsteierung agesat goufen. Duerch de Gebrauch vu Vernierdüse konnt dat oder déi Haaptdreifwierker fest montéiert ginn. Doduerch konnte flexibel Leitunge fir den Dreifstoff an d'kardanesch Ophänkung vum Haaptdreifwierk ewechgelooss ginn. Nëmmen déi kleng Vernierdüsen hu misste geschwenkt ginn, wat mat relative klenge Servoe méiglech war. Duerch déi kleng Massen a Kräften hat sech och d'Reegelung verbessert.

A moderne Rakéite gëtt fir Schubvektorsteierung meeschtens eent oder méi kardanesch opgehaangen Haaptdreifwierker gebraucht. Iwwer hydraulesch (bei groussen Dreifwierker) oder elektresch Servoe (bei klengen Dreifwierken oder an héije Stufen) ginn d'Haaptdreifwierker geschwenkt (z. B. Space Shuttle: 10.5° Querachs, 8.5° Gierachs. Duerch d'Ausgereeftheet vun de moderne Schubvektoracteuren an d'Ewechloosse vun de Vernierdüsen, kann d'Zouverlässegkeet vu Rakéiten erhéicht ginn.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie