Verluerekascht Fiels
De Verluerekascht ass e fréiere Beobachtungstuerm vun der Fielsser Buerg an haut en Aussiichtspunkt an der Fiels.
Verluerekascht Fiels | |
---|---|
De Fielsser Verluerekascht vun der Wäisser Iernz aus gesinn | |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Fiels |
Koordinaten | 49°47'1,64"N, 6°13'4,91"O |
Geographie änneren
De Verluerekascht läit ongeféier 120 m westlech vum Kär vun der Fiels op enger Héicht vun 300 m.
Geschicht änneren
Um Verluerekascht vis-à-vis vun der Fielsser Buerg steet d'Ruin vun engem Tuerm deen zu senger Zäit wuel als Beobachtungstuerm gedéngt fir den Ugräifer éischter ze gesinn. Et gouf eng Verbindungsmauer, an där hirem Schutz d'Ritter sech tëscht der Buerg an dem Verluerekascht hin an hier beweege konnten.
Touristesches änneren
Haut ass de Verluerekascht e beléiften Aussiichtspunkt. Et huet een eng gutt Aussiicht op d'Fielsser Buerg, d'Alstad, den Zentrum, ma och de Rescht vum Dall.
Och d'Hannerland vum Tuerm huet de Flouernumm Verluerekascht ugeholl. Hei ass e flotte Spadséierwee duerch e Lafbësch mat villen herrleche Fielsformatiounen, z. B. a Form vun engem Champignon.
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Verluerekascht Fiels – Biller, Videoen oder Audiodateien |