Verkéiersschëlter aus dem lëtzebuergesche Code de la Route

E Verkéiersschëld ass eng vertikal Signalisatioun déi vum Code de la Route virgesinn ass fir de Stroossebenotzer ze soen u wat se sech ze halen hunn, fir se virun enger Gefor ze warnen, an awer och fir hinnen et méi einfach ze maache fir sech iwwerall erëmzefannen.

Verkéiersschëlter an der Stad Lëtzebuerg

Am Lëtzebuerger Code de la Route ginn d'Schëlter am Artikel 107[1] dem Gebrauch no agedeelt:

Kapitel Kategorie Erklärung
I. Warnschëlter Schëlter fir op Geforen, Schantercher oder aner méiglech Geforepunkten opmierksam ze maachen.
II. Virfaartsschëlter Schëlter déi ugin a wat fir enger Reiefolleg déi verschidde Chauffere fueren däerfen.
III. Verbuetsschëlter Schëlter déi op e Verbuet oder eng Restriktioun hiweisen.
IV. Gebuetsschëlter Schëlter déi e Gebuet uweisen.
V. Hiwäisschëlter Schëlter déi de Chaufferen entweeder eng Richtung ugi fir en Zil z’erreechen, s'op eppes opmierksam maachen oder hinne soss eng Hëllef ginn.
VI. Schëlter fir ze parken, ze stationéieren a stallzehalen Schëlter déi ugi wou et erlaabt oder verbueden ass parken, ze stationéieren oder stallzehalen.
VII. Spuereschëlter Schëlter déi gëlteg si fir eng oder méi Spuere vun enger Strooss, wann dës Strooss méi Spueren an enger Richtung huet.
VIII. Zoneschëlter Schëlter déi z. B. e Verbuet, e Gebuet oder d'Modalitéite vum Stationéieren uweisen an déi sech op méi Stroosse bezitt déi uneneen hänken, ouni datt all Schëld no all Kräizung erëm misst widderholl ginn.
IX. Symboler an aner Beschrëftungen D'Schëlter aus de Kapitelen hei driwwer kënne mat Symboler oder Beschrëftunge completéiert ginn. Dës Symboler an d'Beschrëftunge ginn op en Zousazschëld geschriwwen dat ënner dem Schëld hänkt.

Um Spaweck änneren

Commons: Verkéiersschëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Artikel 107 vum Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques mat Ännerungen duerno, op Legilux - dem Droitsportal vun der Lëtzebuerger Regierung; fir d'lescht gekuckt de 6. Februar 2019