Vera Rubin

US-amerikanesch Astronomin

D'Vera Cooper Rubin, gebuer den 23. Juli 1928 zu Philadelphia, a Pennsylvania, a gestuerwen de 25. Dezember 2016 zu Princeton, am New Jersey, war eng US-amerikanesch Astronomin, déi sech haaptsächlech mat der Erfaassung vun der Verdeelung vun donkeler Matière beschäftegt huet.

Vera Rubin
Gebuertsnumm Vera Florence Cooper
Gebuer 23. Juli 1928
Philadelphia
Gestuerwen 25. Dezember 2016
Nationalitéit USA
Educatioun Georgetown University,
Cornell University
Aktivitéit Astronom, Physiker, Wëssenschaftler
Member vun Peepstlech Akademie vun de Wëssenschaften, National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences, American Philosophical Society, International Astronomesch Unioun, American Association for the Advancement of Science

D'Vera Rubin gouf zu Philadelphia gebuer an ass zu Washington D.C. opgewuess. Si ass an de Vassar College gaangen an duerno op d'Cornell University an huet beim George Gamow op der Georgetown University promovéiert. Schonn an där Zäit huet si sech mat der groussraimeger Verdeelung vun de Galaxien an den duerch d'Expansioun vum Kosmos iwwerlagerte Beweegunge vu Galaxiëkéip beschäftegt. Dat sinn nach haut wichteg Problemer vun der visueller Kosmologie. Vun 1964 un huet si am Carnegie Institution of Washington geschafft. Mat deem deemools neiste Spektrograph huet si ugefaangen, déi bannenzeg Beweegunge vu Galaxië bis an hir schwaach baussenzeg Gebidder z'ënnersichen.

Wann d'Mass vun de Galaxië wéi d'siichtbar Stäre verdeelt wier, da misst d'Ëmlafvitesse an den Aussebezierker vu Spiralgalaxië méi kleng ginn, wa se méi wäit vum Zentrum sinn. D'Rubin huet awer mat hire Mataarbechter de Géigendeel fonnt: Mat der Distanz vu bal gläich bleiwenden Ëmlafvitessen, mat typesche Wäerter ëm 200 km/s. Der Rubin hir Resultater waren zesumme mat änleche Resultater aus Radiomiessunge vun der 21cm-Linn vum atomare Waasserstoff déi stäerkst Unzeeche fir d'Existenz vun donkeler Matière an normale Galaxien.

Besonnesch Opmierksankeet huet d'Rubin der Roll vun de Fraen an der Wëssenschaft geschenkt. Hir selwer war den Zougang zu der Princeton Universitéit ofgeschloe ginn.

Der Rubin hir véier Kanner hunn alleguer en Doktorat an de Wëssenschaften; den David (1950) an den Allan (1960) an der Geologie, d'Judith (1952) an der Astronomie an de Karl (1956) an der Mathematik.

Den Asteroid 5726 Rubin ass no hir genannt ginn.

Éierungen änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren