Veganismus

Philosophie déi d'Benotzung vun Déieren refuséiert

De Veganismus ass eng Ernierungs- a Liewensweis, déi op planzleche Substanze baséiert. Leit, déi no deene Prinzippie liewen, nenne sech Veganer.

All Liewensmëttel, déi vun Déieren hierkommen, wéi Fleesch, Fësch, Eeër, Mëllech an all Produkter, déi doraus entstinn, gi bei där Ernierungsweis ofgeleent.

"Vegan" ass e Konschtbegrëff. Den Donald Watson (1910-2005), deen 1944 an England d'Vegan Society gegrënnt huet, huet dee Begrëff an de Krichsjoeren erfonnt, fir déi vegan Ernierungsweis vun anere Forme vum Vegetarismus ofzegrenzen. Deemools ass et och ëm déi verschidden Iessensratiounen an d'Zil vun de "mëllechfräie" Vegetarier gaangen: Eng extra Portioun Nëss amplaz vu Mëllech a Fleesch. Mat deem Begrëff huet hien der reng vegetarescher Ernierung en eegenen Numm an eng eegen Identitéit ginn.

Problematik änneren

Bei där Ernierung gëtt et Risiken, deene sech d'Veganer bewosst solle sinn. Et muss ganz genee gekuckt ginn, wou ee seng Proteinnen, Nierstoffer, Eisen a virun allem seng verschidde Vitaminnen hierkritt. De Vitaminn B12 muss een dann z. B. als Supplement huelen, fir datt am Kierper kee Manktem entsteet. Ier een e vegane Liewensstil unhëlt, sollt ee sech deemno richteg informéieren. Eng equilibréiert Ernierung ass wichteg, fir datt de Kierper all méiglech Nierstoffer huet, déi e brauch.

En aneren Deel vum Veganismus ass de Verzicht op alles, wat aus Déieren hiergestallt gëtt, wéi z. B. Lieder, Woll a Plommen, wéi och op alles, wou een en Notze vun Déiere kann hunn, wéi z. B. d'Reiden, d'Juegd oder den Zoo, an alles wat opgrond vun Déiereversich op de Maart koum, wéi z. B. verschidde pharmazeutesch oder kosmeetesch Produkter. Ënnert de Veganer gëtt et ënnerschiddlech Stufen, vun deenen, déi sech op d'Ernierungsweis beschränke bis zu den "extreme" Veganer, déi déi Liewensweis konsequent duerchzéien.

De vegane Liewensstil ass staark am Trend. Ëmmer méi Mënsche ginn Déiereprodukter aus verschiddene Grënn op, fir nom vegane Stil ze liewen. Och zu Lëtzebuerg gëtt et ëmmer méi Restauranten, déi vegan Platen ubidden.

Vegan Kosmeetik änneren

 Vegan Kosmeetikprodukter  bestinn nëmmen aus planzleche Nierstoffer, wéi zum Beispill  Kokosnossueleg, Mandelueleg, Aloevera asw. Vegan Kosmeetik heescht awer net automatesch, datt d'Produkter  ouni Déierentester  getest goufen.

Motivatiounen a Grënn änneren

D'Haaptmotivatioun vum Veganismus ass natierlech den Déiereschutz. Veganer si géint all Form vun Mësshandlung vun den Déieren, an aus deem Grond iesse si keng Déiereprodukter oder gebrauche keng Produkter un, déi aus Déiere produzéiert goufen. Si sinn och géint Massendéierenhaltung, géint den Déierentransport, a géint Déieremëssbrauch duerch d'Industrie. Si wëllen duerch hire Liewensstil d'Ëmwelt schützen; se kämpfe géint de Welthonger a sinn dervun iwwerzeegt, datt déi veganesch Ernierungsform däitlech méi gesond ass.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Veganismus – Biller, Videoen oder Audiodateien