Veere

hollännesch Stad a Gemeng


Veere ass eng Stad a Gemeng am Südweste vun Holland, op Walcheren, an der Provënz Zeeland. D'Gemeng huet ronn 22.000 Awunner (2023). D'Gemengenhaus steet zu Domburg.

Veere
Land Holland
Awunner 21.953 (1. Januar 2021)
Fläch 206,55 km²
Koordinaten 51°32'49"N, 3°32'24"O
Telefonszon 0118
Postcode 4350–4379
Websäit https://www.veere.nl/home

Uertschaften an der Gemeng änneren

  • Aagtekerke
  • Biggekerke
  • Domburg
  • Gapinge
  • Grijpskerke
  • Koudekerke
  • Meliskerke
  • Oostkapelle
  • Serooskerke
  • Veere
  • Vrouwenpolder
  • Westkapelle
  • Zoutelande
 
D'Stadhaus vu Veere

D'Stad Veere änneren

D'Stiedche Veere mat ronn 1.600 Awunner (2023) läit um Veerse Meer ("Séi vu Veere"), an ass iwwer Middelburg a Vlissingen duerch e Kanal mat der Westerschelde verbonnen. 1355 huet se hir Stadrechter kritt. Tëscht 1541 a 1799 gouf do Schottesch Woll an Europa geliwwert. Am 17. an 18. Joerhonnert war Veere dann och eng Handelsstad, wou et sech gutt liewe gelooss huet. 750 Haiser stoungen deemools bannent de Stadmaueren, am Verglach zu ronn 300 hautdesdaags.

Um Spaweck änneren

Commons: Veere – Biller, Videoen oder Audiodateien