Van Dale Groot woordenboek van de Nederlandse taal

Van Dale Groot woordenboek van de Nederlandse taal ass de kompletten Numm vun deem gréissten Dictionnaire vun der moderner hollännescher Sprooch.

Déi aktuell Oplo ass déi 15. vun 2015. Déi 14. vun 2005 war an dräi Bänn ze kréie mat enger CD-Rom op där dat ganz Wierderbuch drop ass. Si hat op 4.464 Säiten 268.826 Lemmata, an domat eng 9.000 méi wéi déi vireg Editioun. Nei waren ënner aneren ietsisme, regenboogcoalitie, kofferbakhandel an d'Schreifweis ass déi nei "offiziell" vun 2005 vun der Nederlandse Taalunie.

Den Dictionnaire ass nom Johan Hendrik van Dale genannt, deen 1872 dat aalt Nieuw woordenboek der Nederlandsche taal, dat den I. M. Calisch an den N. S. Calisch 1864 erausginn haten, an dat sech sengersäits op en alen Iwwersetzungsdictionnaire Hollännesch-Franséisch stäipt, komplett iwwerschafft hat.

Um Spaweck änneren