Valérie Donzelli

franséisch Schauspillerin, Regisseurin an Dréibuchauteur

D'Valérie Donzelli, gebuer den 2. Mäerz 1973 zu Épinal, ass eng franséisch Schauspillerin, Dréibuchauteur a Regisseurin.

Valérie Donzelli
am Joer 2013
Gebuer 2. Mäerz 1973
Épinal
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Schauspiller, Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmschauspiller
Member vun Collectif 50/50
Famill
Liewenspartner(in) Jérémie Elkaïm

No e puer Niewerollen a Filmer (dorënner Qui a tué Bambi ?, Le Plus Beau Jour de ma vie, an Entre ses mains) gouf d'Valérie Donzelli bekannt duerch Rollen an Tëleesfilmer (Clara Sheller, 7 ans).

2007 huet si hiren éischte Kuerzfilm, Il fait beau dans la plus belle ville du monde, realiséiert, an 2009 hiren éischte Laangfilm, La Reine des pommes, an deem se och d'Haaptroll gespillt huet. 2011 koum hiren zweete Film eraus, La guerre est déclarée, an deem si an hire Liewenspartner Jérémie Elkaïm d'Haaptrolle spillen an och allebéid d'Dréibuch geschriwwen hunn. De Film ass staark autobiographesch an erzielt wéi eng Koppel domat muss eens ginn, datt hiert annerhalleft Joer aalt Kand en Hirentumor huet.

Main dans la main (mat der Valérie Lemercier an dem Jérémie Elkaïm an den Haaptrollen) koum am Dezember 2012 eraus.

D'Valérie Donzelli ass d'Enkelin respektiv d'Urenkelin vun de Sculpteuren a Moler Dante Donzelli an Duilio Donzelli.

Filmographie änneren

als Schauspillerin änneren

als Regisseurin änneren

Kuerzfilmer änneren

  • 2007: Il fait beau dans la plus belle ville du monde
  • 2010: Madeleine et le facteur

Laangfilmer änneren

  • 2009: La reine des pommes
  • 2010: La guerre est déclarée
  • 2012: Main dans la main
  • 2015: Marguerite et Julien

Um Spaweck änneren

Commons: Valérie Donzelli – Biller, Videoen oder Audiodateien