Vëlospist PC20
Itinéraire cyclable de la Wiltz
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Vëlospist PC20, och nach Pist vun der Wolz, offiziell Itinéraire cyclable de la Wiltz, ass eng vun den 41 Vëlosstrecke vum nationale Reseau zu Lëtzebuerg[1].
D'PC 20 zu Wanseler | |
offiziellen Numm | Itinéraire cyclable de la Wiltz |
---|---|
Lëtzebuerger Numm | Pist vun der Wolz |
vu(n) | Kautebaach |
op | Schleef (Wanseler) |
Längt | 20,90 km |
déifste Punkt | Kautebaach |
héchste Punkt | Uewerwampech |
Land | Lëtzebuerg |
Streck änneren
D'PC20 ass 20,90 km laang a féiert vu Kautebaach op d'belsch Grenz (Schleef). Den déifste Punkt (250,74 m) ass zu Kautebaach (Bei der Millen) an den héchsten (422,52m) bei Uewerwampech (Rengelsburen)[2].
Se féiert laanscht oder duerch follgend Uertschaften: Kautebaach, Gare Mäerkels, Wolz, Wanseler a Schleef.
Uschlëss un aner Pisten änneren
D'Pist vun der Wolz huet ënnerwee Uschlëss un aner Pisten:
- Mëttelsauerpist (PC16) an Nordpist (PC21) zu Kautebaach,
- Westpist (PC17) an der Schleef,
- Pist vum Éisleker Plateau (PC36) zu Nidderwampech.
Bemierkungen änneren
Biller änneren
Literatur änneren
- John Lamberty, „In Fahrt gekommen“ am Luxemburger Wort vum 22. Juli 2020, S. 30
Um Spaweck änneren
Commons: Vëlospist PC20 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten änneren
- ↑ Loi du 28 avril 2015 relative au réseau cyclable national et aux raccordements de ce réseau vers les réseaux cyclables communaux op legilux.lu, gekuckt den 1. Juni 2019
- ↑ Et gëtt Differenzen tëscht den Donnéeën op der Websäit vu Ponts et chaussées an deenen op Geoportail.lu. Déi lescht ernimmt sinn déi, déi hei ugi sinn