Vël'Ok Régional

Locatiounssystem fir Vëloen

Vël'Ok Régional ass e gratis Locatiounssystem fir Vëloen an de Gemenge Beetebuerg, Déifferdeng, Diddeleng, Esch-Uelzecht, Keel, Monnerech, Rëmeleng, Suessem a Schëffleng.[1]

Eng Vël'Ok-Statioun op der Stadhausplaz zu Esch, 2015 (mat den ale Modeller).

Geschicht änneren

D'Initiativ geet zeréck op de CIGL vun Esch-Uelzecht, deen 2004 den Ausléinsystem Eise Vëlo äre Vëlo op d'Bee gestallt huet.[2] Fir ee Vëlo ze lounen, huet ee just en 2-Euro-Stéck gebraucht fir, wéi bei engem Akafsweenchen, de Vëlo vun enger Kette lassmaachen an ausléinen ze kënnen - wat Verschiddener als den Akafspräis ugesinn hunn. Well op déi Manéier ze vill Vëloe geklaut oder zerstéiert gi waren, goufen dofir 2008 elektresch Bornen installéiert, déi d'Vëloe eréischt fräi ginn hunn, wann een se mat enger registréierter Kaart entspaart huet. 2015 goufen déi éischt Vëloe mat elektrescher Assistenz agefouert.[2] Vun do u gouf de System no an no op 8 weider Partnergemengen ausgebreet.

Tëscht 2015 an Enn 2019 ass d'Zuel vun den ageschriwwene Benotzer vu ronn 3000 op iwwer 6000 eropgaangen.[3] 2019 goufen eng 125 000 Faarten domat gemaach.[2]

2020 sinn 200 nei Vëloe mat elektrescher Assistenz, déi och méi liicht wéi hir Virgänger waren, bäikomm, an an de Joren dono eng weider 120, déi déi al ersat hunn. 2020 louch d'Zuel vun de Vëloe bei 462 an et gouf 108 Stellplazen doruechter.[2]

D'Vëloen änneren

D'Vëloen hunn e Kader aus Aluminium , se si mat Vollgummis-Pneuen ekipéiert a weien 28 kg. Si kënne bis zu 25 km/h fueren an d'Batterie hält eppes iwwer 50 km, ier se nees opgeluede muss ginn. Se kaschten eng 2000 Euro d'Stéck.[2]

Wéi funktionéiert de System? änneren

Fir kënne Vëloen ze léinen, muss een eng mKaart aktivéiert hunn. Da kann een domat op enger vun den iwwer 120 Standplazen ee vu ronn 500 Vëloen[4] op enger Borne fräischalten an domat maximal 2 Stonne fueren. Et kann een en duerno op iergendenger Standplaz op enger eideler Borne ofstellen. Wou Bornë sinn, an och wéi vill Vëloen a fräi Plazen et do gëtt, kann een op enger Websäit oder App nokucken.

Kuckt och änneren

  • Vel'oH!, de Vëlo-Locatiounssystem an a ronderëm der Stad Lëtzebuerg

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. FAQ op velok.lu (nogekuckt: 2023-12-22).
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 "Le Vël’Ok poursuit sa course dans le sud du Luxembourg." lequotidien.lu, 16/01/20.
  3. Vël'ok Régional - Dossier de Presse. (nogekuckt 2023-12-22
  4. "Vël’Ok, les vélos en libre-service." op esch.lu (nogekuckt: 2023-12-22).