Véier eedel Wourechten

(Virugeleet vu(n) Véier edel Wourechten)

Déi véier eedel Wourechten sinn d'Grondlag vun der buddhistescher Léier. Si sinn d'Viraussetzung fir d'Erlaange vum Bodhi.

Am Géigesaatz zu anere grousse Reliounen oder philosophesche Beweegunge stellt de Buddha net d'Fro no Gott, dem Mënsch oder der Welt. De Buddha stellt d'Fro vum Leide vun alle Wiesen an den Zentrum vu senger Léier a sengen Iwwerleeungen. Um Ufank vu senger Léier stinn deemno déi véier eedel Wourechten vum Leed.

  1. All Existenz ass Leed. Domat wëll de Buddha net soen, datt et op der Welt net och Freed a positiv Erfarunge ginn. Mä dat Gleck, wat dem Mënsch zougänglech ass, ass ëmmer begrenzt an de Mënsch ass ëmmer mat Trauer, Leed a Verzweifllung konfrontéiert. De Kär vun dëser éischter Wourecht ass also de Message: Alles Liewen ass Leed, d'Leed ass de Grondzoustand vun der Existenz.
  2. Den Ursprong vum Leed. De Buddha erkläert d'Leed net mat der Existenz vun engem Däiwel oder mam Prinzip vum Béisen. Och d'Ursënn ass net d'Origine. Villméi ass et sou datt den Duuscht nom Liewen de Grond vun allem Béisen ass. Et si virun allem den Haass, d'Onwëssenheet, d'Verblendung, an d'Gefiller déi all d'Handele beaflossen. Duerch si entsteet dann och dat béist Karma. Alles dat féiert dozou, datt de Mënsch weider an enger aarmséileg Existenz liewe muss, déi keen Enn hëlt. Den Duuscht vun de Mënschen dreift si also ëmmer weider an e Kreeslaf vu Ginn a Verginn. Soulaang wéi sech de Kreeslaf weiderbeweegt, hält och d'Leed net op. Am däitlechste weist sech deen Duuscht vum Liewen an de sexuelle Begierden.
  3. D'Erléisungsbotschaft fir d'Leed. Si seet, datt et en Enn fir d'Leed gëtt. Dofir muss een d'Quell vum Leed, also de Liewensduuscht, behiewen. Wann ee sech vum Liewensduuscht befreit, luet een och kee weidere Karma op, a ka sech aus dem éiwege leedvolle Kreeslaf fräimaachen.
  4. Den Auswee aus dem Leed. Et handelt sech em den Nobelen aachtdeelege Pad, e mëttlere Wee tëscht onkontrolléiert Loscht an asketescher Häert.