Universitéitsobservatoire Wien

Den Universitéitsobservatoire Wien ass ee vun de béide vum Institut fir Astronomie vun der Universitéit Wien bedriwwenen Observatoiren. E steet am Sternwartepark op der Türkenschanze, engem breede Plateau um westleche Stadrand vu Wien (Türkenschanzstraße 17 im 18. Wiener Gemengebezierk Währing).

Universitéitsobservatoire Wien, Aweihung 1883

Bei senger Aweiung am Joer 1883 hat den Observatoire dat deemools gréisst jee gebaut Lënsenteleskop (no Renovéierung nees a Betrib), an nach haut ass et dat gréisst zouent Observatoiresgebai vun der Welt.

Geschicht änneren

D'Geschicht vun der Astronomie an der Stad Wien geet bis an dat 14. Joerhonnert zeréck. No der Grënnung vun der Universitéit Wien am Joer 1365 goufen do vun 1391 bis 1882 stänneg Liesungen „Iwwer Himmel an Äerd“ gehalen. Am 15. Joerhonnert hunn de Johannes von Gmunden, de Georg von Peuerbach an deem säi Schüler Regiomontanus zu Wien gléiert a gefuerscht. Am Ufank vum 18. Joerhonnert huet sech den Haffmathematiker Johann Jakob Marinoni op dem Daach vu sengem Wiener Haus en astronomeschen Tuerm gebaut, an deem hien haaptsächlech mat selwer gebauten Instrumenter observéiert huet. Heiduerch ugereegt hunn d'Jesuitten am Joer 1733 och um Daach vum Kolléischsgebai en Observatoire gebaut.

Literatur änneren

  • Jürgen Hamel (Hrsg.): Die Geschichte der Universitätssternwarte Wien. Dargestellt anhand ihrer historischen Instrumente und eines Typoskripts von Johann Steinmayr. Harri Deutsch Verlag, Frankfurt am Main 2010, ISBN 978-3-8171-1865-6 (Acta Historica Astronomiae 38).
  • Franz Kerschbaum, Thomas Posch: Der historische Buchbestand der Universitätssternwarte Wien. Teil 1: 15. bis 17. Jahrhundert. Peter Lang Publishing Group, Frankfurt am Main u. a. 2005, ISBN 3-631-52890-6.
  • Karin Lackner, Isolde Müller, Franz Kerschbaum, Thomas Posch: Der historische Buchbestand der Universitätssternwarte Wien. Teil 2: 18. Jahrhundert. Peter Lang Publishing Group, Frankfurt am Main u. a. 2006, ISBN 3-631-53868-5.
  • Peter Müller: Sternwarten in Bildern. Architektur und Geschichte der Sternwarten von den Anfängen bis zirka 1950. Springer-Verlag, Berlin u. a. 1992, ISBN 3-540-52771-0.
  • Volker Witt: Die Universitätssternwarte in Wien. In: Sterne und Weltraum. Jg. 45, Heft 2, 2006

Referenzen änneren


Um Spaweck änneren

Commons: Universitätssternwarte Wien – Biller, Videoen oder Audiodateien

  Portal Astronomie