Den Uhuru Kenyatta, gebuer de 26. Oktober 1961 zu Nairobi, ass e kenianesche Politiker. Hie war tëscht Mäerz 2013 a September 2022 Staatspresident vu sengem Land.

Uhuru Kenyatta
Gebuer 26. Oktober 1961
Nairobi
Nationalitéit Kenia
Educatioun Amherst College
Aktivitéit Politiker
Famill
Papp Jomo Kenyatta

Hien ass de Jong vum Jomo Kenyatta, dem éischte President vum Kenia a Chef vun der Partei Kenianesch Afrikanesch National Unioun.

An den 2000er Jore war hien e puermol Minister.

Am Mäerz 2013 gouf hien zum President vu sengem Land gewielt, an am August 2017 erëmgewielt.

Am Oktober 2021 gouf hien am Zesumenkank mat der Publikatioun vun de Pandora Papers zitéiert.

Um Spaweck änneren