UCI World Tour

(Virugeleet vu(n) UCI ProTour)
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den UCI World Tour bis 2010 UCI ProTour ass eng Serie vun deene schéinste Vëloscourssen op der Strooss an dat mat deene bëschte Vëlosfuerer an deene gréissten Ekippen aus dem Profiberäich weltwäit.

Si gouf 2005 vun der Union cycliste internationale, dem Weltverband vum Vëlossport, am Kader vun enger Reform am Profisvëlossport, an d'Liewe geruff. Déi éischt Course vun der UCI Pro Tour war d'Etappecourse Paris - Nice, déi de 6. Mäerz 2005 zu Paräis gestart gouf.

Bei all Course gi Punkten un d'Vëlosfuerer verdeelt déi an engem UCI ProTeam fueren an dat no engem Puntkebarème am UCI-Réglement.

Et gi bei all Course vun der Serie dräi verschidde Klassementer gemaach: ee fir d'Vëlosfuerer, ee fir d'Ekippen an ee fir d'Natiounen.

D'Punkte ginn no all Course mat de Punkte vun de virege Courssen zesummegerechent.

Punkteverdeelung änneren

Individuel änneren

Natiouneklassement änneren

D'Punkte vun de 5 éischte Coureure vun enger Natioun ginn zesummegerechent fir dëst Klassement.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren