Tuerm (Schach)

Schachfigur
Dëse Schachartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Schachfiguren
Kinnek
Damm
Tuerm
Leefer
Sprénger
Bauer

Den Tuerm, Unicode: ♖ ♜, ass déi zweetstäerkst Figur beim Schachspill. Zesumme mat der Damm gehéiert en zu de Schwéierfiguren. Et ënnerscheet een an der Grondstellung an an der Erëffnung tëscht Dammentuerm a Kinnekstuerm. Den Dammentuerm ass um Dammefligel postéiert; de wäisse steet um Feld a1 an de schwaarzen op a8. De Kinnekstuerm ass um Kinneksfligel postéiert; de wäisse steet um Feld h1 an de schwaarzen op h8.

Den Tuerm an deenen dräi Spillphasen änneren

An der Erëffnung änneren

An der Erëffnung spillt den Tuerm keng wichteg Roll sou laang wéi seng Beweegungsméiglegkeeten duerch d'Baueren ageschränkt sinn. Säin Asaz fänkt meeschtens mat der Rochade un, déi den Tuerm méi a Richtung Zentrum bréngt, oder bei heterogene (entgéintgesaten) Rochaden, andeems duerch d'Zéie vun de Randbaueren (zum Beispill h2-h4 oder h7-h5 no der kuerzer Rochade vum Géigner) probéiert gëtt, d'Ausgangslinn vum Tuerm opzemaachen, fir sou ee Kinneksugrëff z'ënnerstëtzen.

Am Mëttelspill änneren

Den Tuerm ass eng typesch Mëttelspill- an Endspillfigur. Wat manner Figuren um Briet sinn, wat den Tuerm seng Reechwäit besser ausnotze kann. Déi gréisst Wierkung entwéckelt den Tuerm op enger oppener oder hallefoppener Linn.

Am Endspill änneren

D'Mattsetze mat Tuerm a Kinnek géint Kinnek gehéiert zur elementarer Mattféierung. Endspiller mat Tierm a Baueren nennt een Tuermendspiller, a stellen ongeféier d'Hallschent vun den Endspiller duer.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Tuerm – Biller, Videoen oder Audiodateien