Triny Bourkel

lëtzebuergesch Liichtathleetin an Olympionickin

D'Catherine ("Triny") Bourkel, gebuer de 16. Abrëll 1927 a gestuerwen den 21. Februar 2019[1], war eng lëtzebuergesch Liichtathleetin an Olympionickin.[2]

Triny Bourkel
Gebuer 16. Abrëll 1927
Lëtzebuerg
Gestuerwen 21. Februar 2019
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Héichsprénger
Gréisst 170 Zentimeter
Gewiicht 60 kg

Si gouf op den Europameeschterschaften 1946 zu Oslo déi 6. am Héichsprong. Hire Sprong vun 1,57 Meter war bis 1980 de lëtzebuergesche Rekord.

Si huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1948 zu London vertrueden.[3]

No hirer aktiver Carrière war si Trainerin beim CA Diddeleng.

Auszeechnungen änneren

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Doudesannonce op memento.lu.
  2. D'Triny Bourkel op der Websäit vu sports-reference.com
  3. D'Triny Bourkel op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'
  4. 30-06-2008:Promotion dans les ordres nationaux »: Les anciens « Olympiens » luxembourgeois à l'honneur