Trinidad ass eng Stad an der Provënz Sancti Spiritus op Kuba. Si huet 36.000 Awunner.

Trinidad ass am Joer 1513 vum Diego Velázquez de Cuéllar gegrënnt ginn.

Ufank vum 19. Joerhonnert ass Trinidad, wéi vill aner kubanesch Stied, räich ginn duerch den Zockerboom. Dës Entwécklung ass awer duerch d'Ofschaffe vun de Sklaven an den Onofhännegkeetskrich gestoppt ginn. Den Hafe vun Trinidad huet u senger Bedeitung verluer.

1950 gouf Trinidad zum Nationaldenkmol an zanter 1998 gouf Trinidad zesumme mat den 20 km baussent leienden Zockerrouerplantage vu Valle de los Ingenios Weltkulturierwe vun der UNESCO.

Kuckeswäertes änneren

 
Plaza Mayor zu Trinidad
  • Convento San Franscisco: den Tuerm vum Klouschter ass den héchste Punkt a Symbol vun der Stad. Bannendran ass de Museo Nacional de la Lucha Contra Bandidos, deen d'Schluecht géint d' "Konterrevolution" an der Bierger vun Escambray tëscht 1959 an 1965 dokumentéiert.
  • Plaza Mayor, déi haut nach un d'Kolonialzäit erënnert.
  • Valle de Los Ingenios ass den Dall vun den Zockerrouerplantagen a läit un der Strooss a Richtung Sancti Spiritus.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Trinidad, Cuba – Biller, Videoen oder Audiodateien