Trebisonda Valla

italieenesch Kuerzstreckeleeferin

D'Trebisonda Valla gebuer den 20. Mee 1916 zu Bologna an Italien, a gestuerwen de 16. Oktober 2006 zu L'Aquila war eng italieenesch Liichathletin an Olympiagewënnerin am 80-Meter-Hürdelaf.

Trebisonda Valla
Gebuer 20. Mee 1916
Bologna
Gestuerwen 16. Oktober 2006
L'Aquila
Nationalitéit Italien, Kinnekräich Italien
Aktivitéit Kuerzstreckeleefer, Héichsprénger, Wäitsprénger
Famill
Geschwëster Rito Valla

Si huet scho mat 13 Joer zu deene beschten Athleetinne vun Italie gezielt. Mat 14 Joer gouf si Landesmeeschterin a koum an d'Nationalekipp.Si huet an de Joren duerno e puer nei Weltrekorder opgestallt an och Italieenesch Landesmeeschterschaften nach e puermol gewonnen.

Hire gréisste Succès war wéi si op den XI. Olympesche Summerspiller 1936 zu Berlin den 80 m Hürdelaf virun der Däitscher Anni Steuer (Sëlwer), an der Kanadierin Elizabeth Taylor-Campbell (Bronze) gewonnen huet.


Olympesch Gewënnerinen am 80/100 m Hürdelaf

1932: Mildred Didrikson 80 m | 1936: Trebisonda Valla 80 m | 1948: Fanny Blankers-Koen 80 m | 1952: Shirley Strickland 80 m | 1956: Shirley Strickland 80 m | 1960: Irina Press 80 m | 1964: Karin Balzer 80 m | 1968: Maureen Caird 80 m | 1972: Annelie Ehrhardt | 1976: Johanna Schaller | 1980: Vera Komisova | 1984: Benita Fitzgerald-Brown | 1988: Yordanka Donkova | 1992: Voula Patoulidou | 1996: Ludmila Engquist | 2000: Olga Shishigina | 2004: Joanna Hayes