Den Trasimeno- Séi (ital. lago trasimeno) ass mat 128 km² an engem Ëmfang vu 54 Kilometer de véiertgréisste Séi an Italien. E läit an der Regioun Umbrien nordwestlech vu Perugia op enger Héicht vun 258 Meter. Ronderëm si bis zu 600 Meter héich Bierger. De Séi ass op der déifster Plaz 7 Meter déif, an et liewen 18 Fëschzorten dran. D'Dierfer um Ost- a Südufer liewen deelweis vun der Fëscherei.

Trasimeno-Séi
Vue iwwer de Séi bei St. Arcangelo
Land Italien
Verwaltungseenheet Umbrien
Länner um Uwänner Italien
Geographie
Koordinaten 43° 08’ 32’’ N
      12° 07’ 11’’ O
Fläch 128 km²
Déift (Maximum) 7 m
Héicht. i. M. 258 m
Hydrographie
Baseng Tiber
Zoufloss E puer kleng Baachen
Ausfloss Kanal deen an den Tiber leeft

De Séi krut eng geschichtlech Bedeitung wéinst der Schluecht beim Trasimeno-Séi.

An de Séi lafen nëmme kleng Baachen, deenen hir Better am Summer dacks dréche sinn. En huet keen natierlechen Offloss.

Un den Uwänner wunnen net vill Leit, an op de flache Plaze sinn si och deelweis staark mat Lëtsche bewuess. Et gouf e puermol probéiert fir de Waasserstand dee staark variéiert an de Grëff ze kréien. D'Réimer hate schonn een ënnerierdesche Kanal d'cava gebaut, deen d'Peepst spéider renovéiert hunn. En ass am Laf vun der Zäit ëmmer verlant. Et gouf méi wéi eng Kéier diskutéiert de Séi dréchen ze leeën an Akerland ze gewannen an eréischt een 1898 ugeluechten Offloss an d'Caina huet den Iwwerschwemmungen en Enn gemaach. Den nidderege Waasserstand am Summer an d'Iwwerdüngung favoriséieren de Wuesstem vun den Algen déi sech da ganz staark entwéckelen.

Den Trasimeno-Séi ass e beléift Noerhuelungsgebitt an Umbrien. Ganz schéin ass d'Isola Maggiore op déi ee vun Tuoro, Passignano a Castiglione del Lago mat Ponte fuere kann. Um Trasimeno-Séi gëtt et nach zwou aner Inselen: Déi kleng Insel (Isola Minore) déi net däerf betruede ginn an d'Naturschutzgebittsinsel Polvese.

Um Spaweck änneren

Commons: Trasimeno-Séi – Biller, Videoen oder Audiodateien