Transition Region And Coronal Explorer

Den Transition Region And Coronal Explorer ofgekierzt TRACE ass e Weltraumteleskop, dat speziell fir d'Erfuerschung vun der Sonnekorona konzipéiert gouf. Et ass e Satellit vum Small-Explorer-Programm vun der NASA an huet do den Numm SMEX 4 oder Explorer 73.

De Satellit TRACE wärend dem Zesummebau
Foto vun engem Sonnefleck gemaach vum TRACE Satellit

Dat eenzegt wëssenschaftlecht Instrument u Bord vum Satellit ass en 30-cm-Cassegrain-UV-Teleskop. Seng Aufgab war d'Iwwerwaachung vun der Entwécklung vu magnéitesche Feldstrukture vum Sonnekär bis an d'Korona, d'Ënnersiche vun den Opwäermmechanisme vun der baussenzeger Sonnenatmosphär souwéi d'Bestëmmung vun den Ausléiser vu Sonneneruptiounen a Massenauswërf.

De Satellit gouf den 1. Abrëll 1998 vun der Vandenberg Air Force Base aus, mat enger Pegasus-Rakéit an eng sonnesynchron Äerdëmlafbunn gestart. Dat verhënnert, datt de Satellit den Äerdschied duerchleeft, wouduerch kontinuéierlech Miessunge vun der Sonn méiglech sinn. En huet an éischter Linn der Ergänzung vum Fuerschungsatellit SOHO gedéngt, well en ëmmer en Deel vun der Sonnenuewerfläch mat méi héijer Opléisung duerstelle konnt wéi de SOHO. D'Missioun vum TRACE goung den 22. Juni 2010 op en Enn.[1]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. http://www.raumfahrer.net/news/raumfahrt/06072010101719.shtml