Dësen Artikel beschäftegt sech mat den Héichvitessautomotricë vun Alstom. Fir generell Informatiounen iwwer Zich mat héijer Vitess kuckt wgl. Héichvitesszuch.

TGV ofgeleet vun Train à grande vitesse, ass de Kierzel vun den Héichvitessautomotricë vun der franséischer Staatsbunn SNCF.

TGV Duplex an der Gare de Lyon vu Paräis.

Modeller änneren

TGV Sud-Est änneren

Den TGV Sud-Est war deen éischten TGV, deen am Persouneverkéier agesat gouf. Hie gouf a gëtt virun allem op der LGV Sud-Est agesat.

TGV Reseau änneren

Déi TGVsramm ass am Ament (Dezember 2014) déi eenzeg déi zu Lëtzebuerg fiert.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: TGV Réseau.

TGV Euro-Duplex änneren

Den TGV Duplex ass een Héichvitesszuch mat Voituren déi zwéi Niveauen hunn. Den Euro-Duplex ass déi drëtt Generatioun vun Duplex-TGVen. E gouf haaptsächlech fir d'Linn Marseille-Frankfurt gebaut, a kann doriwwer eraus um Schwäizer an um spueneschen Netz fueren.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: TGV 2N2.

Thalys änneren

D'Thalys sinn Héichvitessautomotricen aus den TGV-Serië PBA a PBKA, déi d'Stied Paräis, Bréissel, Köln an Amsterdam matenee verbannen.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Thalys.

TGV POS änneren

Den TGV POS (POS steet fir Paris-Ostfrankreich-Süddeutschland) gëtt virun allem op der LGV Est européenne agesat a kann an Däitschland fueren.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: TGV POS.

Alstom AGV änneren

D'Alstom AGV (AGV fir Automotrice à Grande Vitesse) ass eng technesch komplett nei Entwécklung vum TGV. Wärend den TGV vu Motricen op den zwéi Käpp ugedriwwe gëtt, sinn d'Motore beim AGV wéi op d'Achsen iwwer de ganzen Zuch verdeelt. Zanter 2012 ginn AGVen um italieeneschen Eisebunnsnetz vun der NTV agesat wou se als Baurei ETR 575 lafen.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Alstom AGV.

Streckennetz änneren

 
D'Netz op deem den TGV fiert.

Déi éischt Héichvitessstreck (LGV) a Frankräich war d'LGV Sud-Est vu Paräis op Lyon.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun den Héichvitessstrecken a Frankräich.

Um Spaweck änneren