Tony Schuster

lëtzebuergesche Museker
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Den Tony Schuster, gebuer den 22. November 1936[1] zu München[2] a gestuerwen de 24. Januar 2024[1], war e Komponist a Museker.

Tony Schuster
Gebuer 22. November 1936
München
Gestuerwen 24. Januar 2024
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Museker

Hien huet an internationale Bands gespillt, a war Gaschtrompettist beim Max Greger a beim James Last.[2]

Hien huet zanter 1964 zu Lëtzebuerg gelieft.[2]

1965 hat hien d'Luxembourg Singers gegrënnt, mat deenen hien zéng Joer duerch Lëtzebuerg an och duerch Europa getourt ass.[2]

Zënter den 1970er Jore war den Tony Schuster als Komponist fir de Kasemattentheater an d'Lëtzebuerger Revue aktiv.[2]

Den Tony Schuster huet bis 1997 Coursen am Piano an an der Trompett am Escher Conservatoire ginn.[2]

Wierker änneren

  • Mateneen a fireneen (1988)
  • L'Important... (1997)

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Doudesannonce vum Tony Schuster am Luxemburger Wort vum 31. Januar 2024 op der Säit 31
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 2,5 (lb)De Musiker a Komponist Tony Schuster ass dout. https://www.100komma7.lu (2024-01-31). Gekuckt de(n) 2024-02-01.