Sowetsk (Oblast Kaliningrad)

(Virugeleet vu(n) Tilsit)

Sowetsk (Russesch Советск, Däitsch bis 1946 Tilsit, haut och Sowjetsk, Litauesch Tilžė), ass eng rajonsonofhängeg Stad am fréieren nërdlechen Ostpreisen, der haiteger Oblast Kaliningrad a Russland, an huet 41.000 Awunner.

Sowetsk
Land Russland
Federatiounskrees Nordwestrussland
Status Oblast
Regioun Kaliningrad
Awunner 40.486 (2017)
Fläch 44
Koordinaten 55°4'51"N, 21°53'11"O
Zäitzon UTC+2
Telefonszon 40161
Postcode 238750–238769
Websäit https://sovetsk.gov39.ru/


Kinnigin-Luise-Bréck

D'Stad Sowetsk ass weltwäit bekannt fir hir Kéisproduktioun (Tilsiter), de Fridde vun Tilsit am Joer 1807 tëscht Frankräich a Russland an d'Kinnigin-Luise-Bréck iwwer de Njeman, déi fréier Memel (russesch/wäissrussesch Njeman/Neman, litauesch Nemunas).

Sowetsk huet Schëffswerften, en Hafen an eng Zellstoffindustrie.

Geographie änneren

Sowetsk läit um Zesammenfluss vun der Tylscha mat der Memel an op der Grenz mat Litauen.

Geschicht änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Bis 1945 huet Sowetsk als Tilsit zu Däitschland gehéiert a war zanter 1895 e selbstännege Stadkrees am Regierungsbezierk Gumbinnen. D'Verwaltung vum Landkrees Tilsit-Ragnit ass zu Tilsit bliwwen.

Kuckeswäertes änneren

Bekannt Sowetsker änneren

Literatur änneren

  • Marion Gräfin Dönhoff, Namen die keiner mehr nennt. Ostpreuẞen - Menschen und Geschichte; Düsseldorf/Köln (Eugen Diederichs Verlag), 1962. Als Täschebuch, München (Deutscher Taschenbuch Verlag), 1964 (ëmmer nees nogedréckt: 1991, z. B. , koum déi 23. Oplo raus).
  • Jean-Paul Kauffmann, Outre-Terre. Le voyage à Eylau; mat véier Kaarten; Paräis (Équateurs, coll. Littérature), 2016; ISBN 978-2-84990-435-0

Um Spaweck änneren

Commons: Sovetsk – Biller, Videoen oder Audiodateien