Theodor Feldhege

däitsche Politiker

De Franz Theodor Feldhege, gebuer den 30. Januar 1900 zu Herten a gestuerwen am Juli 1961 zu Dülken, war en däitsche Kommunalbeamten, deen am Zweete Weltkrich Éischte Bäigeuerdente vun der Stad Esch war.[1]

Theodor Feldhege
Gebuer 30. Januar 1900
Herten
Gestuerwen Juli 1961
Dülken
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Politiker
Partei NSDAP

Den Theodor Feldhege war promovéierten Ekonomist. 1931 gouf hien zum neie Buergermeeschter vum Amt Hervest–Dorsten gewielt, konnt säin Amt awer net untrieden, well d'Regierung d'Plaz – fir Geld ze spueren – net méi mat engem eegene Buergermeeschter besetze wollt. Vum 1. Mee 1939 bis Enn Abrëll 1942 war de Feldhege stellvertriedende Buergermeeschter vun der Gemeng Gressenich (haut en Deel vu Stolberg) am Krees Oochen. Vum 1. Mee 1942 u war hien 1. Bäigeuerdente vun der Stadt Esch. Buergermeeschter war zu deem Zäitpunkt den Otto Komp, vun deem de Feldhege an der Sëtzung vum Escher Stadrot vum 25. September 1942 offiziell virgestallt gouf.

Wéi de Buergermeeschter Komp am November 1942 Esch verlooss huet, huet de Feldhege vum 1. Dezember 1942 un den Interim assuréiert, bis de 16. Mäerz 1943, wou deen neien Amtsbuergermeeschter, de Josef Kohns, säin Amt offiziell ugetrueden huet.

Am Januar 1943 hat den Dr. Feldhege d'Kriegsverdienstkreuz 2. Klasse ohne Schwerter als Unerkennung fir seng Aktivitéit an der Verwaltung vun der Stad Esch an an der NSDAP-Kreesleedung. Den 1. September 1944 huet sech de Feldhege no Däitschland aus dem Stëbs gemaach, well d'Amerikaner net méi wäit vu Lëtzebuerg ewech waren.

Nom Krich war de Feldhege vum Mee 1947 bis zu sengem Doud „Stadtdirektor” zu Dülken.

Publikatiounen änneren

  • Feldhege, T., 1933. Die Finanzwirtschaft der Stadt Buer – der jetzigen Teilgemeinde der Großstadt Gelsenkirchen – vom Ausgangspunkt der stärkeren wirtschaftlichen Entwicklung (1895) bis zum Städtezusammenschluß (1928) . Bigge an der Ruhr, VI-355 S., 13 Tab. (Frankfurt, Wirtsch.- u. sozialwiss. Diss., 1929).

Literatur änneren

Referenzen änneren

  1. Massard 2018a, 2018b. Stegemann 2014.