Den Themistokles (gr.: Θεμιστοκλῆς), gebuer ëm 525 a gestuerwen ëm 460, war en athenesche Staatsmann a Strategos. Hien huet eng wichteg Roll an der griichescher Victoire am Zweete Perserkrich gespillt.

Ostrakon mam Numm vum Themistokles, ëm 490-480 v. Chr.

Hie gouf wuel fir d'Amtsjoer 493 bis 492 v. Chr. zum Archont zu Athen gewielt. An dëser Zäit huet den Themistokles sech ëm d'Erweiderung vum atheneschen Hafe vum Piräus gekëmmert, an zweehonnert Krichsschëffer goufen an Optrag ginn, woumat Athen definitiv zu enger Séimuecht vum Mëttelmierraum gouf. Nodeem hien zum Strategos gewielt gi war, huet den Themistokles déi athenesch Flott an der Schluecht vu Salamis am Joer 480 v. Chr. erfollegräich géint d'Perser ënner dem Xerxes I. gefouert, deem seng Schëffer hien an d'Enkt vu Salamis gelackelt huet, wou si nëmmen nach schwéier manövréiere konnten.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Schluecht vu Salamis.

Als Ofwier géint de griichesche Konkurrent Sparta huet den Themistokles eng Schutzmauer ronderëm Athen baue gelooss. Dës Moossnam, an och de Virworf, hien hätt dem Spartaner Leonidas bei der Verdeedegung vun den Thermopylen keng Hëllef geschéckt hunn dozou gefouert, datt hien 471 v. Chr. duerch den Ostrakismos verbannt ginn ass, an op Bedreiwe vu Sparta zum Doud verurteelt ginn ass. Hien ass an d'Perserräich geflücht, wou hie vum Kinnek Artaxerxes als Satrap vu Lampsakos a Magnesia agesat gouf, an domat an Ubetruecht vu senge Leeschtunge bei Salamis - vum deemolege Géigner - belount ginn ass.

Grad d'Schluecht vu Salamis war d'Ursaach dofir, datt dem Themistokles zu Éiere Statuen opgeriicht goufen. Am Joer 1939 gouf déi sougenannt Themistokles-Herme vun Ostia fonnt. Dat däerft eng Kopie vun enger eelerer Statu sinn.

Den Themistokles ass ëm 460 v. Chr. a sengem perseschen Exil zu Magnesia gestuerwen.

Literatur zum Theema änneren

  • Albrecht Behmel, Themistokles. Sieger von Salamis und Herr von Magnesia, ibidem-Verlag, Stuttgart, 2002 (ISBN 3-89821-172-X)

Um Spaweck änneren

Commons: Themistokles – Biller, Videoen oder Audiodateien
  Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Griicheland an der Antiquitéit.