The Simpsons

US-amerikanesch Zeechentrickserie

The Simpsons sinn eng amerikanesch Zeechentrickserie. Et ass déi Zeechentrickserie déi am längste leeft, mat iwwer 480 Follgen. Nieft der Serie koum am Juli 2007 och e Film eraus.

Logo vun de Simpsons

Zanter dem 18. September 2011, gëtt d'Serie och an enger synchroniséierter Versioun op Lëtzebuergesch op RTL Télé Lëtzebuerg gewisen. Ugefaange gouf bei der 10. Episod ("Klau mäi Liewen!") vun der 20. Staffel, well dat déi éischt war, déi an HD produzéiert gouf.[1]

Figuren änneren

D'Haaptfiguren aus der Serie sinn d'Familljemembere vun de Simpsons. Donieft kommen och allerhand Duerfbewunner vu Springfield dobäi.

Homer Simpson änneren

→ Haaptartikel:Homer Simpson

Marge Simpson änneren

D'Marge Simpson ass dem Homer seng Fra.

Seng lëtzebuergesch Stëmm kritt et vum Sarah Thoss.

Bart Simpson änneren

De Bart ass dem Homer säin éischten an eenzegen Jong.

Seng lëtzebuergesch Stëmm ass déi vun der Myriam Jander.

Lisa Simpson änneren

D'Lisa ass déi éischt vun 2 Duechteren. Hatt ass intelligent a fläisseg a steet domat am Géigesaz zu sengem Papp Homer. D'Kelly Decker léint dem Lisa seng Stëmm

Maggie Simpson änneren

D'Maggie ass e Puppelchen an drëtt Kand vun de Simpsons.

Mr Burns änneren

Den Charles Montgomery "Monty" Burns ass de Proprietär vum Atomkraaftwierk, an deem den Homer schafft.

Op Lëtzebuergesch gëtt de Mr Burns vum Raoul Albonetti synchroniséiert.

Apu Nahasapeemapetilon änneren

Den Apu ass de Besëtzer vum Kwik-E-Mart, dem Kreemerchesbuttek vu Springfield. Hien ass aus Indien op Springfield immigréiert. Zu Lëtzebuerg léint de Raoul Albonetti dem Apu seng Stëmm.

Krusty de Klon änneren

Den Herschel Shmoikel Pinchas Yerucham Krustofsky, besser bekannt als Krusty de Clown, ass de Moderater vum Bart a Lisa hirer Liblingssendung. Hien ass bekannt fir säin zyneschen Humor an dofir, datt hien e Ketteraacher ass, deen duerch de Showbusiness depressiv ginn ass. Op Lëtzebuergesch gëtt de Krusty vum Simon Laroche geschwat.

Nelson Muntz änneren

Den Nelson Muntz ass e Schüler vun der Springfield Elementary School an een dee gär seng Matschüler zerklappt. Bekannt ass den Nelson wéinst sengem "Ha ha", seng Aart a Weis fir auszedrécke wann et him schlaudeet.

Seng lëtzebuergesch Stëmm kritt e vum Chris Weber.

Referenzen änneren

  1. "Rentrée bei RTL Télé: Simpsons, Sitcom, Ben's Club an 20vir." RTL.lu - 07.09.2011, 14:34 | Fir d'lescht aktualiséiert: 15.09.2011, 18:48.

Um Spaweck änneren

Commons: The Simpsons – Biller, Videoen oder Audiodateien