The Pond—Moonlight ass eng pictorialistesch Foto vum Edward Steichen. Si gouf 1904 zu Mamaroneck am amerikanesche Staat New York gemaach a weist e Bësch mat enger Bréck an de Mound deen tëscht de Beem erduerch liicht. Weltwäit gëtt et nëmmen dräi Kopië vun där Foto. Am Februar 2006 ass eng Kopie fir 2,9 Milliounen Dollar versteet ginn. Zu deem Zäitpunkt war dat den héchste Präis dee jeemools fir eng Foto bezuelt gouf.[1]

The Pond—Moonlight vum Edward Steichen, 1904

Referenzen an Notten änneren

  1. The Guardian: At $2.9m, Pond-Moonlight becomes world's most expensive photograph