The Artist

franséisch-US-amerikanesch-belsche Film

The Artist ass e franséisch-US-amerikanesch-belsche[1] schwaarzwäisse Stommfilm vum Michel Hazanavicius, deen och d'Dréibuch geschriwwen huet. En ass den 12. Oktober 2011 a Frankräich an de Kinoen ugelaf.

The Artist
Film
Produktiounsland Frankräich,
Belsch
Produktiounsjoer 2011
Première 15. Mee 2011
Dauer 100 min
Faarf Schwaarz-Wäiss
Format 1,33:1
Filmformat 35 mm
Originalsprooch Stommfilm
Ekipp
Regie Michel Hazanavicius
Dréibuch Michel Hazanavicius
Fotografie Guillaume Schiffman
Musek Ludovic Bource
Schnëtt Anne-Sophie Bion,
Michel Hazanavicius
Dekoren Laurence Bennett
Produzent Thomas Langmann
Produktiouns-
gesellschaft
Studio 37
La Petite Reine
La Classe Américaine
JD Prod
France 3 Cinéma
Jouror Productions
uFilm
Schauspiller
Jean Dujardin
Bérénice Bejo
James Cromwell
John Goodman
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Wourëms geet et am Film? änneren

De Film, deen um Enn vun den 1920er Joren zu Hollywood spillt, erzielt den Niddergang vun engem Stommfilmstar, dem George Valentine (Jean Dujardin), wéi den Tounfilm bis agefouert gouf, a parallel dozou den Opstig vun enger Dänzerin, der Peppy Miller (Bérénice Bejo), zu engem Hollywoodstar, a wéi sech hir 2 Weeër kräizen...

Iwwer de Film änneren

De Film ass en Hommage un d'Stommfilm-Ära zu Hollywood, souwuel vun der Geschicht hier, wéi och vun der Form: De Film ass selwer a Schwaarzwäiss, am Stommfilmformat 1.25: 1 gedréint, an et gëtt sou gutt e wéi keen natierlechen Toun, just Musek, déi de Film ënnermoolt, a geleeëntlech en Tëschentitel.

De Film ass meeschtens e gellege Succès bei der Kritik, an huet eng jett Präisser an Auszeechnunge kritt: Interpretatiounspräis um Festival vu Cannes 2011, ë. a. 3 Golden Globes (bescht Comédie, beschte Schauspiller, bescht Musek), 7 BAFTA-Awards (wourënner Beschte Film, bescht männlech Haaptroll, bescht Kamera, bescht Dréibuch) 6 Césaren (dorënner beschte Film, bescht Regie a bescht Schauspillerin) a 5 Oscaren (dorënner dee fir de beschte Film an déi bescht männlech Haaptroll).

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. http://www.imdb.com/title/tt1655442/