Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Théophraste Renaudot, gebuer 1586 zu Loudun am haitegen Departement Vienne, a gestuerwen de 25. Oktober 1653 zu Paräis, gëllt als Grënner vum moderne Journalismus.

Théophraste Renaudot
Gebuer 1586
Loudun
Gestuerwen 25. Oktober 1653
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Journalist, Philanthrop

Hie gouf schonn mat 19 Joer Doctor Medicinae, a méi spéit de perséinlechen Dokter vum Kinnek Louis XIII.

1612 huet hien zu Paräis en Annoncëbüro opgemaach. Seng Meritten an der Publicitéit an an der franséischer Press berouen op sengen zwou Kreatiounen, dem Bureau d'adresses (1630) an der Wochenzeitung La Gazette (30. Mee 1631), déi en uganks just erausbruecht huet, fir dora seng Aarbechtsannoncen ze publizéieren. Duerno sinn awer nach Nouvellen derbäikomm.

No him gouf de Prix Renaudot benannt, e franséische Literaturpräis.

Um Spaweck änneren

Commons: Théophraste Renaudot – Biller, Videoen oder Audiodateien