Théodore Boever

lëtzebuergesche Politiker

Den Théodore Boever, gebuer de 16. Mäerz 1872 zu Munzen a gestuerwen de 6. September 1946 zu Klierf, war e lëtzebuergesche Bauer[1] a Politiker.[2]

Théodore Boever
Gebuer 16. Mäerz 1872
Munzen
Gestuerwen 6. September 1946
Klierf
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Bauer, Politiker
Partei Onofhängeg Nationalpartei, Fortschrëttlech-demokratesch Partei

Hie war vun 1919 bis den 19. Dezember 1931 Buergermeeschter vun der Gemeng Munzen.[3]

Hie gouf bei de Wale fir d'Assemblée constituante 1918 a bei de Chamberwale vum 26. Oktober 1919 als Deputéierte vum Kanton Klierf an d'Chamber gewielt[4] a gouf bei de partielle Chamberwale vum 28. Mee 1922 a bei de Chamberwale vum 1. Mäerz 1925 erëmgewielt.

Gielchen änneren

Referenzen änneren

  1. Den Theodore Boever op www.deltgen.com
  2. 2,0 2,1 Doudesannonce vum Théodore Boever am Luxemburger Wort vum 7. September 1946 Archivéiert op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2014-11-30.
  3. Memorial N° 63 vun 1931 mat der Publicatioun vun der Demissioun vum Theodore Boever als Buergermeeschter vu Munzen Archivéiert op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2014-11-30.
  4. Noruff op den Theodore Boever am Luxemburger Wort vum 11. September 1946