Théo Mey

lëtzebuergesche Bankemployé a Fotograf
Dëse Fotografiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Théo Mey, gebuer den 18. Abrëll 1912 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen de 25. August 1964 zu Eech (Stad Lëtzebuerg) no engem Autosaccident, war e lëtzebuergesche Bankemployé a Fotograf.

Théo Mey
Gebuer 18. Abrëll 1912
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 25. August 1964
Eech
Doudesursaach Verkéiersaccident
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Fotograf, Journalist

Hien huet seng Fotoen a lëtzebuergeschen an auslänneschen Zeitungen an Zäitschrëfte publizéiert. Wéi d'Héich Autoritéit vun der CECA sech 1952 zu Lëtzebuerg néiergelooss huet, war hie mam Tony Krier ee vun den aktiivste fräiberuffleche Fotografen, een deen all wichtegt Ereegnes fotograféiert huet, an deem seng Fotoen an de Fotothéiken erhale bliwwe sinn.

Hie war och e Motorsportler a Liichtathleet an huet Handball gespillt.

Seng ronn 400.000 Fotoe sinn an der Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg archivéiert.