Terroruschléi vum 11. September 2001 an den USA

Am fréie Virmëtteg (lokal Zäit) vum 11. September 2001 huet eng Grupp islamistesch Selbstmordattentäter, déi d'Terrornetzwierk Al-Qaida ausgebilt a beoptragt hat, déi bis haut schwéierst a schlëmmsten Terroruschléi an der Geschicht vun den USA verbrach. Si hunn tëscht 8:10 Auer an 9:30 Auer véier Verkéiersfligeren op Flich am Land selwer entfouert, hunn der zwéin dovun an d'Tierm vum World Trade Center (WTC) zu New York City an een an de Pentagon zu Arlington, Virginia gesteiert. E weidere Fliger mat onbekanntem Attentatszil gouf duerch Kämpf tëscht de Passagéier an den Entféierer an der Géigend vu Pittsburgh, Pennsylvania zum Ofstuerz bruecht.

Zerstéierte WTC
Skizz vun de WTC-Tierm mat Lag vun de Fligeraschléi
Reschter vum zerstéierte World Trade Center

Duerch d'Opschloe vum Fliger an d'Feier, dat doduerch ausgeléist gouf, sinn d'Säitefronte vum Pentagonsgebai zerstéiert ginn. Béid Tierm vum WTC sinn eng bis zwou Stonne no der Kollisioun, wéinst den duerch Kerosinbränn an hirer Struktur geschwächte Stolstäipen a sech zesummegefall. Fënnef weider Gebaier vum WTC, dorënner d'Nopeschgebai WTC 7 goufen duerch d'Schied an d'Feier matzerstéiert, donieft och véier Metrostatiounen. 23 weider Gebaier, déi ronderëm de WTC stoungen, goufen zum Deel sou schwéier beschiedegt, datt se méi spéit mat ofgerappt hu misse ginn.

Bei den Uschléi sinn am Ganzen ongeféier 3.000 Mënsche gestuerwen: 266 Passagéier an de Fligeren, zirka 2.600 Mënschen am WTC, an 125 Persounen am Pentagon.

D'Uschléi ginn an den USA mam Kierzel 9/11 (nine-eleven) bezeechent, den déi amerikanesch Schreifweis vum Datum an zugläich och déi landeswäit Noutruffnummer bedeit.

Oflaf änneren

Dat éischt Unzeeche vun den Entféierunge war d'Opfale vum Transpondersignal vun American Airlines Fluch 11 um 8:20 Auer lokal Zäit (12:20 40 UTC). Kuerz Zäit méi spéit gouf duerch en Uruff vun der Stewardess Madeline Amy Sweeney bei der Buedemkontroll confirméiert, datt et sech ëm eng Entféierung handelt. Spéider Ermëttlungen hunn erginn, datt d'Entféierung géint 8:15 Auer geschitt war, wéi och de United Airlines Fluch 175 ofgehuewen huet.

Géint 8:38 Auer gouf NORAD, d'zentral Plaz fir Loftverdeedegung, iwwer d'Virfäll informéiert, verbonne mat enger Demande fir d'visuell Iwwerpréiwung vum Fluch 11 duerch Militärfligeren. Ëm 8:45, ongeféier zur selwechter Zäit, zu där och de Fluch 175 vun de United Airlines entfouert gouf, sinn zwéin F-15 gestart. Déi ofgeschalt Transponderen hunn d'Fluchlotsen awer dru gehënnert, hire Piloten direkt d'Positioun vum Fluch 11 matzedeelen.

Um 08:46 lokal Zäit (12:46:40 UTC) ass dunn de Fluch 11 vun American Airlines an de Nordtuerm vum World Trade Center geflunn. Zu dësem Zäitpunkt ass ee nach vun engem Accident ausgaangen. Am Südtuerm goufen d'Mënschen iwwer Lautsprecher opgefuedert, sech ze berouegen an op hirer Aarbechtsplaz ze bleiwen. 17 Minutte méi spéit, um 9:03 Auer (13:03 UTC) ass deen zweete Fliger (United Airlines Fluch 175) an de Südtuerm vum WTC geknuppt.

Domat gouf den Autoritéite kloer, datt et sech net ëm en Accident, mä e geziilten Ugrëff handelt. Doropshi goufen no an no all Zivilflich an den USA agestallt, a Militärjete gestart, fir New York ze schützen.

American Airlines Fluch 77 war tëscht 8:50 an 9:00 Auer entfouert ginn. Um 9:37 lokal Zäit ass den Jet dunn an de Pentagon geflunn, an huet en Tunnel duerch d'Gebai geschloen. D'Schied an dat nofollgend Feier hunn du géint 10:10 Auer den Astuerz vun de beschiedegten Deeler an Ofschnëtter mat sech bruecht.

Als Reaktioun op dëse weideren Ugrëff goufe géint 9:45 all Fligeren opgefuedert, dee nächst méigleche Fluchhafen unzesteieren. Zu dësem Zäitpunkt war dee véierte Fliger, United Airlines Fluch 93, allerdéngs schonn an der Gewalt vun den Entféierer. Als säin Uschlagszil ginn d'Wäisst Haus, de Kapitol zu Washington oder de Landsëtz vum US-President zu Camp David ugeholl.

Um 10:03 Auer ass dëse leschte Fliger dunn als Folleg vun engem Kampf tëscht den Entféierer an de Geiselen u Bord an der Géigend vu Pittsburgh erofgefall. Entgéint éischte Rapport'en hunn d'Entféierer, an net d'Geiselen de Fliger zum Ofstuerz bruecht.

Mat zesumme ronn 90 Kubikmeter Dreifstoff hunn déi Jets déi an de WTC geflunn sinn, wéi grouss Brandbomme gewierkt. De Südtuerm ass no 56 Minutten um 9:59 Auer, de Nordtuerm no 102 Minutten um 10:28 Auer komplett a sech zesummegefall. Knapps dräidausend Mënschen, dorënner 343 Pompjeeën, hu sech nach an den Tierm opgehalen, a si beim Astuerz gestuerwen. Dosende Leit ware schonn aus den ieweschte Stäck an den Doud gesprongen, well hinnen all Fluchtweeër ofgeschnidde waren a se riskéiert hunn am Feier ze verbrennen. Um 17:20 Auer ass d'Gebai WTC 7 no Schied a Bränn a sech zesummegefall.

Täter an Drotzéier änneren

D'Passagéierlëschte vun den entfouerte Fligeren hu séier kloer gemaach, datt et sech bei den Täter ëm Islamiste gehandelt huet. Verëffentlecht goufen awer, z. B. bei CNN, nëmme getrennt Affer- an Täterlëschten, déi zu de jeeweilege Flich gepasst hunn. Als Drotzéier gouf kuerz no den Uschléi de Chef vum Terrornetzwierk al-Qaida Osama Bin Laden ugeholl a benannt.

Dësen huet sech zunächst net ëffentlech zu den Uschléi bekannt, an huet sou guer an engem Interview all Relatioun ofgestridden. Eréischt am Verlaf vum Afghanistankrich gouf en ëmstriddent Videoband entdeckt, an deem hie mat féierende Membere vu senger Grupp iwwer d'Pläng vun den Uschléi geschwat huet. A weideren Erklärungen an Videobotschaften huet hie sech dunn zu senger Féierungsroll bekannt, zulescht e puer Deeg virun den US-Presidentschaftswalen am November 2004, wéi den George W. Bush a sengem Amt confirméiert an erëm gewielt gouf.

D'Terrorgrupp Al-Qaida huet sech zanter ongeféier 1991 – dem Zweete Golfkrich vun den USA géint den Irak an der uschléissender Stationéierung vun US-Militär an Saudiarabien – op de Kampf géint „de Westen“ a seng Wäerter orientéiert. Si gesinn d'USA als de „grousse Satan“, deen de „klenge Satan“ (de Staat Israel) deckt, fir d'islamesch Natioun z'ënnerdrécken, ze spalten, hir Räichtumer auszebeuten a sinn un hirer Eenegung an Ausbreedung vum Islam ze hënneren. Si gesinn de Weste vun „Ongleewegen“ a „Kräizligener“ (Judden a Chrëschten) beherrscht. Doraus leeden se d'Recht zum wallosen Doudmaache vun Zivilisten a Bierger verschiddenster Natiounen of, dorënner och Moslemen an den USA.

D'Al-Qaida steet ideologesch enger fundamentalistescher Variant vun de Wahabiten no, deenen hir Heemecht Saudiarabien ass. Si gesinn d'USA als Ursprong vun enger angeblecher „jiddescher Weltverschwierung“, déi se mat dem Zionismus an dem Staat Israel gläichsetzen. De WTC huet hinnen als Symbol vun enger geballter Finanzmuecht vun de Judde gegollt, déi besonnesch d'Finanzmäert vun der Welt steieren a skrupellos fir hir Herrschaftsofsiichte benotzen.

D'Organisatioun huet zanter ongeféier 1990 eng onbekannten Zuel vu Fräiwëllegen als méiglech Attentäter ausgebilt. Si huet keng straff zentral Féierung. Hir Unhänger bilde kleng Gruppe, déi jorelaang kulturell ugepasst a verschiddene Länner als „Schléifer“ liewen an dann och op eegen Initiativ hin aktiv ginn. E puer vun den Attentäter vum 11. September 2001, dorënner hiren Uféierer Mohammed Atta, hu virdrun als Studenten zu Hamburg an Däitschland gelieft. Do goufen dunn och d'Uschléi op de WTC an de Pentagon geplangt. No hirer Arees an d'USA hu se do eng verkierzte Pilotenausbildung absolvéiert. Si waren dem FBI deelweis bis zu zwee Joer virun den Uschléi bekannt a goufen iwwerwaacht.

Täterideologie a Virgeschicht änneren

D'Attacke vum 11. September waren net déi éischt Uschléi vun der Al-Qaida géint US-amerikanesch Zieler. Eréischt an de Jore virdrun huet e Selbstmordattentäter d'Krichsschëff USS Cole am Jemen ugegraff; duerno koume Bommenattentater op US-Botschaften am Kenia souwéi schonn 1993 déi éischt Sprengstoffattack an der Déifgarage vum WTC. D'USA hate schonn ënner dem US-President Bill Clinton mat Rakéitenugrëffer op méiglech Terroriste-Lager am Afghanistan a vermeintlech Chemiefabriken am Sudan geäntwert.

An den 1980er Joren haten de Bin Laden a seng Matstreider als auslännesch Mudjahedin am Partisanekrich géint d'russesch Besatzung am Afghanistan deelgeholl. D'CIA huet dës „Gotteskrieger“ mat jee zur Hallschent vun den USA a Saudiarabien finanzéierte Waffen souwéi mat Geheimdéngschtinformatioune beliwwert an huet och bei hirer Ausbildung am Pakistan gehollef. Hiren Haaptfeind war deemools d'Sowjetunioun als „Ënnerdrécker“ vun den islameschen Afghanen an den Tschetschenen souwéi Jugoslawien respektiv méi spéit Serbien als „Ënnerdrécker“ vun den islameschen Albaner a Bosnier.

De wahabiteschen Islamismus setzt och op Propaganda virun allem an arabeschen a moslemesche Gesellschaften. E gesäit seng Gewaltakten als Mëttel, all Moslemen am „Befreiungskampf“géint d'Dominanz vum Westen ze vereenen. Dobäi wend e seng Terrorakten och géint Zivilisten, déi als „Kollaborateuren“ zur Zilscheif ginn oder einfach als zoufälleg Terroraffer mat a Kaf geholl ginn. Haaptkampfgeescht ass de leschten Opruffer vum Bin Laden no den Irak.

Obwuel sech déi meescht Iraker haut géint den Terror ausspriechen, fënnt d'Al-Qaida a munneche Stréimunge vu moslemesche Gesellschaften, besonnesch a Pakistan, Indonesien a Saudiarabien, Réckhalt. Dëst hänkt och mat der traditioneller Relatioun tëscht Politik a Relioun an islamescher Traditioun zesummen. Fir streng gleeweg Moslemen ass all Staats- a Gesellschaftsform baussent der Scharia verwerflech. Dowéinst gesinn e puer sech legitiméiert, d'Welt vun den Ongleewege mat Terrorakten ze zerstéieren. Mawlana Mawdudi, e pakistanesche Virgänger vum modernen Dschihad, schreift:Den Islam ass keng normal Relioun wéi déi aner Reliounen op der Welt... den Islam ass e revolutionäre Glawen, den Untrëtt, all vu Mënsche geschaf Staatsform ze zerstéieren.

An der westlecher Welt gëtt dacks iwwersinn, firwat Selbstmordattentäter sech an anerer an d'Loft sprengen: Am Islam gëtt et keng Garantie, datt een nom Doud an d'Paradäis kënnt, souguer wann ee säi ganzt Liewe laang gutt Wierker geleescht huet. Alles hänkt dovun of, wéi den Allah eng Kéier entscheede wäert. Wann awer e Moslem am Dschihad stierft, muss en am Graf net op d'Geriicht waarden, mä kënnt direkt an d'Paradäis (Sure 4,74; 9,89 u.a.). En Dschihad-Kämpfer gëtt no sengem Doud weeder gewäsch nach a propper Dicher geluecht. E läit sou an der Lued, wéi e gestuerwen ass. Säi Blutt ass fir Allah eng éierevoll Auszeechnung. Grad jonk Moslemen aus aarme Verhältnesser fille sech vun der Dschihad-Ideologie ugezunn. Well déi reliéis begrënnt ass, wierkt se ënner Ëmstänn méi geféierlech wéi all politesch Motivatioun.

D'Roll vun der Relioun als Ursaach vum islamisteschen Terror ass ëmstridden. D'Täter verstinn hir Uschléi als eng Form vum Dschihad a beruffe sech dobäi op de Koran, den hinnen den Uerder gëtt, all déi doutzemaachen, déi sech net zum Islam bekéiere wollten, z. B. Sure 9,5:

Maacht d'Gëtzendénger dout, wou ëmmer der se fannt, an ergräift se a belagert se a lauert hinnen aus aller Hannerhalt op.Unerkannt islamesch Theologe weisen awer dorophin, datt de Koran den Ugrëffskrich, d'Doudmaachen ouni Nout, d'Doudmaache vun Onschëllegen a Selbstmord-Uschléi ausdrécklech verbitt. Si gesinn den islamisteschen Terrorismus hirersäits als Offall vum richtegen Islam a bestreiden, datt den Osama bin Laden iwwerhaapt dat Recht huet, eng Fatwa auszespriechen.

Theorië fir d'Ursaachen änneren

Zu den Ursaache vum islamisteschen Terror gëtt et verschidden Théorien: „Antiimperialistesch“ Erklärungsmuster maachen de Westen – hei erëm besonnesch d'USA an Israel – opgrond hirer verfeelter Noostpolitik selwer fir den Haass responsabel. De Fait, datt de Bin Laden e fréieren Alliéierte vun den USA a speziell der CIA war, gëtt och als Beweis fir eng fatal Aussepolitik gesinn, bei där d'Ënnerstëtzung vu militanten demokratiefeindleche Gruppéierunge wärend dem Kale Krich an den entspriechende Länner eng Situatioun geschaf hunn, déi schliisslech op d'USA selwer zeréckgefall soll sinn. Dëst gëtt och als Blowback bezeechent. Och d'Versoe vun de räiche westlechen Industriestaate géintiwwer dem Problem vun der Aarmut duerch eng hemmungslos Globaliséierung hätt dem Terror en Nierbuedem geschaf. Déi Siicht vertriede villfach lénks Intellektueller wéi de Noam Chomsky oder Mënscherechtler wéi d'Inderin Arundhati Roy. Aner Analyse weisen dorophin, datt de Bin Laden duerch Baugeschäfter vu senger Famill zu Mekka e Milliardeverméigen erwirtschaft huet an net als Vertrieder vun den Aarme gëlle kéint. Och fir déi ekonomesch Entwécklung vu Palestina hätt hie seng Mëttel net agesat.

Aus kultursoziologescher Perspektiv gëtt d'Phenomeen vum islameschen Terrorismus och als Frontbildung géint kulturell Moderniséierung gedeit. D'Veronsécherung déi parallel zum Auserneefale vun alen traditionelle Strukturen an Ideologien entsteet, gëtt deemno duerch verstäerkt Besënnung op déi eege Wuerzelen (Salafismus) kompenséiert an am terroristesche Kampf géint déi westlech Representante vun der Moderniséierung ausagéiert. Duerch de spektakulären Uschlag am Zentrum vun der westlecher Welt soll d'Verletzlechkeet vun de „Judden a Kräizritter“ demonstréiert ginn.

An dës kultursoziologesch Perspektiv fügt sech och déi geleeëntlech (virun allem vun der lénkser Säit geäussert) Aschätzung vum Terrorismus als „Islam-Faschismus“ an, déi am terroristesche Kampf géint d'Weltmuecht USA souwéi den „Erzfeind Israel“ primär eng Form vun Antisemitismus erkennt, déi mat änlechen Stereotypen an Erklärungsmuster operéiert wéi de klasseschen europäeschen Antisemitismus.

Follgen änneren

Onmëttelbar Ëffentlech Reaktiounen änneren

 
De "Ground Zero" e puer Deeg no der Attack

A Gedenkminutten an Trauerfeiere goufen a ville Länner den Affer vun den Terror-Attacke vun New York a Washington geduecht. Déi féierend Politiker vun allen Demokratien hunn d'Uschléi verurteelt. Wéi e puer Minutten no den Attacken den US-amerikanesche President George W. Bush, deen zu där Zäit an enger Primärschoul war, vun den Attentater a Kenntnis gesat gouf („Mr. President, Amerika gouf elo grad ugegraff“), huet dëse kaum vum Schoulbuch opgekuckt, an deem e grad gebliedert huet. Och op en Uerder fir d'Sécherung vun Amerika gouf ëmsoss gewaart. Nëmme fir seng eege Sécherheet gouf direkt no den Uschléi gesuergt.

An enger grousser, landeswäiter am Fernsee iwwerdroener Trauerfeier am Foussballstadion vun New York hunn d'Vertrieder vun allen zu New York établéierte Gruppen a Reliounen zesummen den Doudege geduecht an hunn hir multikulturell Toleranz als wesentlecht Zeeche vun der Weltmetropole New York géigesäiteg bekräftegt.

Militäresch Schrëtt änneren

D'Uschléi waren deen éischte quasi militäreschen Ugrëff op d'Festland vun den USA zanter 1814. Dowéinst haten se och weltwäit gravéierend politesch a militäresch Konsequenzen. Déi vun den USA ugefouert Géigemesuren ginn ënner dem Begrëff „Krich géint den Terrorismus“ zesummegefaasst.

Zunächst huet den US-President Bush an enger Regierungserklärung d'Erwaardung un d'Welt däitlech gemaach: Either you are with us, or you are with the terrorists („Entweeder sidd der op onser Säit, oder op där vun den Terroristen.“) HIen huet domat all Land de Krich erkläert, dat Terroristen an iergendenger Aart a Weis ënnerstëtze géif.

D'NATO huet fir d'éischt Kéier zanter hirem Bestoen de „Bündnisfall“ ausgeruff, an huet deemno den Ugrëff op d'USA als Attack op all NATO-Memberstaaten opgefaasst. Trotz dëser an aneren Hëllefspropositiounen huet d'US-Regierung déi éischt militäresch Schrëtter ugangs eleng ënnerholl. D'US-amerikaner hu sech doropshin op en Ugrëff op den Taliban-Regime an Afghanistan preparéiert, deem se d'Ënnerstëtzung an d'Verstoppe vun der Al-Qaida-Féierung virgeworf hunn. Vun Ufank u war e spéidere Stuerz vum irakeschen Diktator Saddam Hussein am Gespréich, obwuel dësem weeder iergendeng Relatioun zu der Al-Qaida nach Pläng vun Terrorattacke géint d'USA nogewise konnte ginn.

No interne Streidereie virun allem tëscht dem Verdeedegungsminister Donald Rumsfeld an dem Ausseminister Colin Powell gouf dem Afghanistan en Ultimatum fir d'Ausliwwerung vum Bin Laden gestallt. D'Propose vun den Taliban, hien no islameschem Gaaschtrecht un e befrënt islamescht Land auszeliwweren, gouf als onzouräichend zeréckgewisen. Ee Mount no den Uschléi huet d'Bombardéierung vun Taliban-Stellunge an afghanescher Infrastruktur ugefaangen; bis zum Joresenn war de Regime ënner dem Mullah Omar gestierzt. Dobäi hu sech d'USA och vu bannenafghaneschen Oppositiounstruppe bedéngt, virun allem vun der sougenannter „Nordkoalitioun“ vun Usbeken an den Unhänger vum Scheich Al Massud, deen den 12. September ermuert gouf. De Bin Laden konnt awer aus senger ënnerierdescher Stopp zu Tora Bora entkommen an am Grenzgebitt zum Pakistan ënnerdauchen.

Déi uschléissend Befriddung a Sécherung vum nei agesaten, dann duerch d'Wal confirméierte President Hamid Karzai gëtt virun allem och duerch däitsch Bundeswehrtruppe matgedroen. Domat gouf dat am Grondgesetz op Landesverdeedegung begrenzt Asazgebitt vun der Bundeswehr och op Asätz baussent dem NATO-Gebitt ausgedeent.

Politesch, strof- an zivilrechtlech Schrëtt änneren

D'Strofrechtlech an zivil Schrëtt goufen a gi vu villen Natioune matgedroen. Dëse Kampf gouf a ville westleche Länner als Grond geholl, d'Areesbestëmmungen ze verschäerfen, Iwwerwaachungsmesuren auszeweiden a grondleend Mënscherechter anzeschränken. D'Volleksrepublik China huet schonn e puer Joer virdrun dem Terror de Krich erkläert. Duerch d'Aschwenke vun den USA op dee Kurs gouf d'Positioun vun der chineesescher Féierung gestäerkt. Russland huet säi Krich nodréiglech Tschetschenien als Kampf géint den Terror erkläert, fir d'Kritik dorun ofzeschwächen.

Den George W. Bush huet aus dem Kampf géint den Terror d'Recht vun den USA op Preventivkricher ofgeleet, wat als Bush-Doktrin bekannt gouf. Engersäits gouf et eng verstäerkt Zesummenaarbecht vu verschiddene Länner, déi zur Arrestéierung vu méiglechen Terroristen an zur Zerstéierung vun ugehollenen Terrorgruppe gefouert huet, anerersäits – haaptsächlech vun US-amerikanescher Säit – och en abandon vun internationale Verträg an Ofkommessen, déi virun allem baussent den USA zu Irritatioune gefouert hunn. Sou huet den US-Verdeedegungsminister Donald Rumsfeld de Begrëff vum Alen Europa geprägt, woumat en déijéineg europäesch Staate gemengt huet, där hir Regierunge sech 2003 géint den zweeten US-Krich mat dem Irak gewand hunn – besonnesch Däitschland, Frankräich a Russland.

Weltwäit goufen d'Ustrengunge fir d'Fluchhafesécherheet verstäerkt.

Verhaftungen an Iwwergrëffer änneren

Am Kader vun der Befreiung vum Afghanistan goufen aus de Kreesser vun den Taliban iwwer 1.000 Verdächteger gefaangegeholl, vun deenen der vill bis haut nach am Prisong sinn. Dobäi handelt et sech gréisstendeels ëm Persoune vun arabescher oder asiatescher Ofstamung. Mënscherechtsorganisatioune kritiséieren d'Bedingungen, ënner deenen déi Mënschen – déi meescht vun hinnen um amerikanesche Militärstëtzpunkt Guantanamo Bay op der Insel Kuba – gefaange gehale ginn. Am eenzele gëtt hinnen de Kontakt no bausse refuséiert, si ginn ouni Uklo festgehalen, an hir Identitéit geheim gehalen (soudatt keng onofhängeg Enquête duerchgefouert ka ginn). Eng Klo op ëffentlech Verhandlung gouf an der Beruffungsinstanz ofgewisen. [1] [2] [3]

Bei den zu Guantanamo inhaftéierte Persounen handelt et sech ëm Krichsgefaangen am Sënn vum Artikel 4. vum III. Genfer Ofkommes iwwer d'Behandlung vu Krichsgefaangen. Et stellt sech also d'Fro, wat fir e Recht fir déi Gefaange vu Guantanamo zur Uwennung komme kann an op se besonnesche Schutz verdéngen.

Nieft den offizielle Mesure gouf et kuerz no den Uschléi an den USA och e ganze Koup duerch Revanchegefiller motivéiert Iwwergrëffer géint Mënschen déi arabesch ausgesinn, dacks och Shiks, déi en Turban ophunn, an islamesch Ariichtungen. Déi si vu Beleidegungen iwwer Doudesdrohungen a Branduschléi bis hin zu e puer Muerde gaangen. [4]

Opklärung änneren

 
9/11 Commission Report, 2004

Enquêtëkommissioun änneren

Op Drock vu Familljemembere vun den Affer gouf eng staatlech Enquêtekommissioun gebilt, déi d'Uschléi bewäert.

Verschwierungstheorien änneren

D'Evenementer vum 11. September hunn zu enger Villzuel vu sougenannte Verschwierungsthéorien gefouert, déi op enorm Resonanz an der Populatioun gestouss sinn. Si féieren eng abberzuel vermeintlech ongeklärten oder widderspréchlech Ëmstänn un a schléissen doraus op aner Ursaachen an Täter, meeschtens d'US-Regierung selwer an d'Geheimdéngschter. E puer huelen un, datt den US-Autoritéite bewosst Ontätegkeet ordonéiert gouf, anerer behaapten eng direkt Virbereedung an Duerchféierung vun den Uschléi duerch d'CIA oder aneren Autoritéiten.

Zitater änneren

  1. Enges Daags wäert ee soen: Den 11. September, dat war déi ('gutt') al Zäit vum leschte Krich. Deen huet nach zu der Uerdnung vum Gigantesche gehéiert: siichtbar a riseg! Wat fir eng Gréisst, wat fir eng Héicht! Zanterhier gëtt et méi Schlëmmes, all méiglech Nanotechnike si souméi mächteg an onsiichtbar, ongräifbar, et hëlt een un, datt s'iwwerall sinn. An der Mikrologie konkurréiere se mat Mikroben a Bakteerien. Awer onst Onbewosst ass dofir schonn empfänglech, et weess et schonn, an dat ass et, wat Angscht mécht.Jacques Derrida (2001; an: Philosophie in Zeiten des Terrors, ISBN 3-86572-358-6, S. 136)
  2. Heute sind wir alle Amerikaner- Peter Struck(däitsche Verdeedegungsminister) den 12. September 2001
 
Manhattan den 12. September, NASA-Satellittebild
 
Aweiung am Joer 2006 vun den Erënnerungsplacke fir déi 343 Pompjeeën aus der Kasär Liberty Street, déi ëm d'Liewe koumen

Filmer iwwer d'Evenementer änneren

Literatur änneren

Op Däitsch

  • Stefan Aust, Cordt Schnibben (Hrsg.): 11. September 2001. Geschichte eines Terrorangriffs. Deutsche Verlags-Anstalt, Stuttgart 2002, ISBN 3-421-05656-0
  • Richard Picciotto (mit Daniel Paisner): Unter Einsatz meines Lebens, Malik / Piper, München 2002, ISBN 3-89029-232-1

Op Englesch

  • Thomas H. Kean (Ed.): The 9/11 Commission Report. W W Norton & Co Ltd, New York 2004, ISBN 0-393-32671-3.
  • James Ridgeway: The 5 Unanswered Questions about 9/11: What the 9/11 Commission Report Failed to Tell Us. Seven Stories Press, New York 2005, ISBN 1-58322-712-1.
  • David R. Griffin: The 9/11 Commission Report: Omissions and Distortions. Arris Books, Ort 2004, ISBN 1-84437-057-7.
  • Steven Cohen, William Eimicke, Jessica Horan: Catastrophe and the Public Service: A Case Study of the Government Response to the Destruction of the World Trade Center. In: Public Administration Review vom September 2002, 62:24, DOI 10.1111/1540-6210.62.s1.6
  • Rudolph W. Giuliani: Brotherhood. Bildband. Verlag Main Street Press, USA. 2004. 240 Seiten, ISBN 0-916103-94-3. Mit Vorworten von Fire Commissioner Von Essen, Frank McCourt.
  • Interview-Serie der FDNY mit vielen beteiligten Angehörigen der Feuerwehr (zeitl Abstand von 4 Woche bis 3 Monate, Task Force WTC). Hier veröffentl. durch die Newsday (Long Island and New York City, NY). Es sind Einzelinterviews, bei deenen kaum Fragen gestellt werden und der Betroffene frei erzählt. Die Tonbandaufnahmen wurden transskribiert (in Schriftform gebracht).
  • Wayne Barrett, Dan Collins: Grand Illusion. The Untold Story of Rudy Giuliani and 9/11. HarperCollins. 390 Seiten. ISBN 0-06-053660-8. (Die Rezension von Vincent J. Cannato in der Washington Post vom 3. September 2006; Seite BW07
  • Richard Picciotto: Last Man Down: A Firefighter's Story of Survival and Escape from the World Trade Center.(= Unter Einsatz meines Lebens) Verlag Berkley Publishing Group. 2002, ISBN 0-425-18677-6. 272 Seiten.

Hymn änneren

  • D'Lidd Only Time vun Enya, besonnesch a senger Versioun mat ageblendete Stëmme vu Betraffenen, gouf ongewollt zur Hymn vum 11. September 2001.

Um Spaweck änneren

Commons: 9/11 – Biller, Videoen oder Audiodateien