Telescopio Nazionale Galileo

Den Telescopio Nazionale Galileo (TNG) ass en astronomeschen Teleskop mat 3,58 m Spigelduerchmiesser um Roque de los Muchachos Observatoire op der Kanarescher Insel La Palma. Den Teleskop gläicht dem New Technology Telescope am Europäesche Südobservatoire op La Silla. Vun deem ass den Entworf ofgeleet ginn. Zanter 1998 gëtt mat dem TNG observéiert an e gëtt vun der Fundación Galileo Galilei - INAF, Fundación Canaria fir dat italieenescht nationaalt Institut fir Astrophysik INAF bedriwwen.

Den Telescopio Nazionale Galileo am Joer 2001

Observatiounsinstrumenter sinn (Stand 2012):

  • Dolores: Kamera a Spektrograph fir den optesche Spektralberäich
  • Nics: Kamera a Spektrograph fir dat not Infrarout 0.9-2.5 μm
  • Sarg: héichopléisende Spektrograph (R~29000-164000) fir den optesche Spektralberäich 300-900 nm
  • HARPS-N: héichopléisende Spektrograph (R~115000) fir den optesche Spektralberäich 383 bis 693 nm. Wéi säi Schwësterinstrument HARPS am La Silla-Observatoire ass den HARPS-N fir d'Sich no Exoplanéiten optiméiert.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Koordinaten: NS=28.753999|EW=-17.889055